Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lola Young - Flicker of Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ COSL: 1 Prozent vum Staatsbudget soll dem Sport ze gutt kommen

35 Fuerderungen un de Sportminister

COSL: 1 Prozent vum Staatsbudget soll dem Sport ze gutt kommen

De Sport brauch hei am Land méi Ënnerstëtzung. Där Meenung ass den Olympesche Kommitee. De COSL huet dofir gëschter um Méindegowend an der Presenz vum Grand-Duc a vum Sportminister Georges Mischo e Fuerderungskatalog presentéiert, dee soll hëllefen, fir de Sport hei am Land virunzebréngen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© COSL play_arrow
(Foto: COSL)

Dobäi geet et dem COSL net just drëms, besser Konditioune fir Leeschtungssportler ze schafen. Et misst och méi fir de Sport op der Aarbecht gemaach ginn, esou de Laurent Carnol vum Olympesche Kommitee.

"D'Betriber solle motivéiert ginn, Aktivitéiten unzebidden, ouni Angscht ze hu virun zousätzleche Risikoe fir si selwer, zum Beispill wat d'Responsabilitéit bei Accidenter ugeet. De Gesetzeskader soll hei kloer sinn an donieft kéint een och iwwer ee Cadre local nodenken, dee finanziell Hëllefe kéint garantéieren oder steierlech Avantagë beim Schafe vu Sportofferen oder einfacher Sportinfrastruktur wéi zum Beispill Vestiären an Duschen."

Am Ganzen huet den COSL gëschter 35 Fuerderunge presentéiert. Eng vun deene wichtegsten dovun ass, datt d'Regierung de Sport finanziell méi staark ënnerstëtzt an an Zukunft op d'mannst ee Prozent vum Staatsbudget an de Sport investéiert.

Georges Mischo: "Enfant pauvre" gëtt net vergiess

Déi Fuerderung ass dann och beim Sportminister net op daf Ouere gestouss.

"An och wann d'Verschiddener hei zu Lëtzebuerg mengen, ech wier net sozial, wäert ech dem Enfant pauvre och an nächster Zäit dofir suergen, dass et deem och wäert gutt goen. Vun den Infrastrukturen iwwer déi strateegesch Capacitéiten, d'Vernetzungscapacitéit, bis hin zu där enorm wichteger de Finanz- an de Personalcapacitéit, wou ech a mengem éischte Joer als Minister och eng maximal Prioritéit drop geluecht hunn, nach viru wäert drop leeën."

Méi konkreet ass de Sportminister gëschter awer nach net ginn, wéi d'Fuerderunge vum COSL sech genee ëmsetze loossen. Dat misst een nach kucken, esou de Georges Mischo gëschter no der Presentatioun vum Olympesche Kommitee.

Lauschterenplay_arrow