Radioen

On air

Soundcheck  |  Nick Cave and the Bad Seeds

play_arrow Live
search

/ Card Trapping: Wéi Krimineller Bancomate manipuléieren

Bedruchsmasche

Card Trapping: Wéi Krimineller Bancomate manipuléieren

D’Spuerkeess hat virun e puer Wochen eng Warnung rausginn u seng Clienten: Si sollten oppassen, bei Benotze vu Bancomaten net Affer vun engem Bedruch ze ginn. E puer Maschinne wieren nämlech manipuléiert ginn, fir ze probéieren, déi agestache Bancomatskaarten ze klauen. D’Ananda Kautz, responsabel fir Innovatioun a Payementer bei der Bankenassociatioun ABBL, schwätzt bei dësem neie Bedruchsmodell vum sougenannte “Card Trapping”.

auto_stories

3 min

headphones

9 min

D'Ananda Kautz vun der Bankenassociatioun ABBL. | © Jo Diseviscourt play_arrow
D'Ananda Kautz vun der Bankenassociatioun ABBL. (Foto: Jo Diseviscourt)

Bei dëser Method installéieren déi Kriminell eng Aart klenge Gräifaarm hanner dem Kaartelieser-Schlitz, deen déi agefüügte Kaart bannendran aklemmt. An der Reegel gouf och scho virdrun e Sticker iergendwou um Bancomat opgepecht, op deem Uweisungen drop geschriwwe stinn. Déi Uweisunge roden de Leit. hire Pin Code anzeginn. am Fall wou d’Kaart stieche bléift, erkläert d’Ananda Kautz.

Eng verstoppt Kamera ass dann esou positionéiert, datt se d’Ziffere vum Pin-Code kann ophuelen, déi een aus Verzweiwlung oder aus Frustratioun dann antippt.

Keng nei Fäll an de leschte Wochen

An esou Stresssituatioune géifen d’Leit dann och manner drop Uecht gi fir ze iwwerpréiwen, datt een net op ee Schwindel rafält. En plus hätt een d’Tendenz manner kritesch ze sinn, wann een d’Logoe vun de grousse Banken um Bancomat gesäit, seet déi Responsabel fir Innovatioun a Payementer vun der ABBL.

Bei dëser Aart vu Bedruch ginn net d’Kaartendonnéeën, mee déi ganz Kaart mam Pin-Code mat geklaut.

Bis elo hätt just d’Spuerkeess Alarm geschloen. Bei anere Banke wiere bis elo nach keng esou Fäll constatéiert ginn. Dem Ananda Kautz no hätt et awer och keng weider Affer méi ginn an de leschte Wochen. Och net bei der Spuerkeess.

Bei de richtege Bancomat goen

D’Ananda Kautz réit de Leit zukünfteg Bancomaten ze benotzen, déi sech bannent de Banke selwer befannen. D’Chance, datt dës Maschinne manipuléiert ginn, sinn e gutt Stéck méi kleng, wéi bei de Maschinnen, déi een ausserhalb vun de Banke fënnt.

Och sinn d’Bancomaten, déi a groussen Akafszentre stinn, e bësse méi sécher. Dat wéinst de Mënschemassen, déi een do untrefft. Et sollt ee fir sécher ze goen ëmmer nëmmen do Geld ophiewen, wou Krimineller nëmme schwéier un de Maschinne schaffe kënnen, seet d’Ananda Kautz.

Och sollt een d’Aginn vu sengem Pin-Code ëmmer mat der fräier Hand verstoppen. Dat géif d’Klaue vum Code och da verhënneren, wann eng verstoppte Kamera installéiert ginn ass.

Online-Bedruch ass 2024 ëm méi wéi 20 Prozent geklomm

Eng weider Mesure wier et, sech iwwer den E-Banking oder per SMS Bescheed ginn ze loossen, an zwar ëmmer dann, wann eng Transaktioun gemaach gëtt. Esou kann een d’Kaart och am schlëmmste Fall esou séier,wéi méiglech blocke loossen.

Bei Froe ronderëm d’Bancomatskaart kann een ëmmer d’Hotline 491010 uruffen. Op dee Wee kann een d’LuxTrust-Zertifikatioun blockéiere loossen.

D’Police huet d’lescht Joer kommunizéiert, datt d’Fäll vun Online-Bedruch 2024 ëm méi wéi 20 Prozent an d’Luucht gaange sinn. Vum 9. Oktober u wäert dann och europawäit een neie System vun de Banken agefouert ginn, deen eng weider Verifikatioun bei all Direktiwwerweisungen erfuerdert. 

Lauschterenplay_arrow