Radioen

On air

De Weekend  |  Nathalie Mangen

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ D'Geschichten am Autosmusée zu Dikrech

Conservatoire National de Véhicules Historiques

D'Geschichten am Autosmusée zu Dikrech

Am Abrëll feiert de Conservatoire National de Véhicules Historiques säin 20. Gebuertsdag. An der fréierer „Fabrique de voitures Jean Wagner“ gi reegelméisseg Ausstellunge ronderëm den Auto gewisen. Datt de Programm variéiert, ass awer nach relativ nei.

auto_stories

4 min

headphones

21 min

© Morgane Weidig play_arrow
De Georges Carbon an den Andy Staff (Foto: Morgane Weidig)

Déi éischt 15 Joer war am Autosmusée eng permanent Ausstellung. E Sträifzuch duerch déi wäit iwwer 100 Joer laang Geschicht vum Automobil. Wann een déi Expo eng Kéier gesinn hat, hat ee se gesinn, fënnt och de George Carbon, President vum Musée.

„Musée sollt liewen. Ech vergläichen et ëmmer mat enger Kaart am Restaurant. Wann der reegelméisseg a dee selwechte Restaurant gitt an et ass ëmmer dat selwecht drop, dann huet een iergendwann alles duerch an da geet een net méi dohin.“

© Morgane Weidig
(Foto: Morgane Weidig)

En neit Konzept mat méi Diversitéit

Dat war e bëssen de Problem, et huet u Variatioun, un neien Exponate gefeelt, wéinst deenen et sech gelount hätt erëmzekommen.

Wéi 2020 nei Leit de Comité vum Musée iwwerholl hunn, ass d’Decisioun geholl ginn, e komplett neit Konzept ëmzesetzen. De Georges Carbon erkläert, wéi méi Diversitéit an d‘Ausstellunge bruecht gëtt.

„Andeems mer probéiert hunn - am Ufank waren et sechs Méint, elo dann e Joer - eng kohärent an thematesch ganz konzentréiert Ausstellung ze maachen zu engem Sujet."

Zanterhier gouf et schonn ënner anerem Ausstellunge mam Lëtzebuerger Mercedes-Club, der Geschicht vun der motoriséierter Landwirtschaft, zu Roulotten a villem méi.

Och wann d‘Ausstellunge sech ofwiesselen – gëtt et eppes, wat een ëmmer am Conservatoire National de Véhicules Historiques fanne wäert: Den Auto mat deem d‘Grand-Duchesse Charlotte am Zweete Weltkrich an d'Exil gefouert ginn ass.

Den Auto, mat dem d'Grand-Duchesse Charlotte an den Exil gefouert gouf. | © Brian Bast
Den Auto, mat dem d'Grand-Duchesse Charlotte an den Exil gefouert gouf. (Foto: Brian Bast)

Déi al an déi nei Autoe vun MG

Déi lescht Méint war eng Expo iwwer 100 Joer MG am Conservatoire National de Véhicules Historiques ze gesinn. Der legendärer Brittescher Autosmark, déi et fir Nostalgiker leider scho laang net méi gëtt. Och wann e chineesesche Konzern haut nach Ween ënnert deem Numm produzéiert a verkeeft.

Den Andy Staff, Vizepresident vum Lëtzebuerger MG Car Club betount awer, datt si dat net ze streng gesinn. Och Leit mat neien MGe sinn am Club wëllkomm. Den Haaptfokus setzt de Club awer gären ob déi al Autoe vun MG. D’Ausstellung iwwer 100 Joer MG geet nach bis 28. Abrëll.

Lauschterenplay_arrow

Mobilitéit
Politik a Gesellschaft
Interview