Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
search

/ D'Regierung verkeeft sech als sozial, d'Oppositioun ass kritesch

Staatsbudget 2024

D'Regierung verkeeft sech als sozial, d'Oppositioun ass kritesch

De Staatsbudget 2024 gouf gëschter wéi erwaart mat de 35 Stëmme vun de Majoritéitsfraktiounen CSV an DP gestëmmt. Déi 25 Vertrieder vun der Oppositioun hunn dogéint votéiert. An de Budgetsdebatten huet d’Oppositioun och net mat Kritik gespuert. D'Carole Schimmer huet déi Debatte fir eis suivéiert.

auto_stories

4 min

Foto: Chambre des députés

Dës Debatte goufe markéiert duerch de Fait, datt et sech hei ëm ee sougenannten Iwwergangsbudget handelt. Fir déi éischt 4 Méint vum Joer gouf et déi "douzièmes provisoires", fir der neier Koalitioun d’Méiglechkeet ze ginn, ee Budget opzestellen, dee fir de Recht vum Joer géif gëllen. Mee och elo huet d’Rapportrice vum Budgetsgesetz, d’Diane Adehm vun der CSV, betount, et wier een Iwwergangsbudget, well déi meeschte gréisser Reformen nach mussen ausgeschafft ginn.

D’Oppositioun huet sech driwwer verwonnert, datt een net méi Konkretes géif an deem Budget erëmfannen.

Verschidde Moossname goufe jo schonn annoncéiert. Dat, well d’Situatioun am Bau zum Beispill huet misste prioritär ënnert d’Lupp geholl ginn. Mee vill méi gouf et awer net.

Mee do gouf et generell vun der LSAP, deene Gréngen, grad ewéi vun der Piratepartei an déi Lénk Kritik, well déi Moossname virun Allem d’Investisseure begënschtegt. D’Locatairen dogéint géife vergiess ginn.

Wéi gesäit déi aktuell budgetär Situatioun aus?

Den Defizit am Zentralstaat sou wéi en nach beim Depot vum Budget ageschat gouf, läit bei 1,9 Milliarden Euro. Dat si ronn 250 Milliounen Euro méi ewéi nach 2023.

D’Zil vun der Regierung ass et, d’Schéier tëscht Depensen a Recetten zouzemaachen. Nach virun e puer Deeg huet de Finanzminister an der Chamberkommissioun awer ee Plus bei de Recette schonn annoncéiert. Den Defizit kéint also nach méi niddereg sinn. Wëssend awer, datt een nach net richteg aschätze kann, wéi déi reell Evolutioun vun den Depense bis elo war.

Wéi gesäit et mat Spuermoossnamen aus?

D’Oppositioun huet natierlech Froen zu méigleche Spuermoossname gestallt. Do sot de Finanzminister Gilles Roth, datt déi verschidde Ministèren hir Depensen erofgeschrauft hätten. An de Chamberkommissiounssitzungen hätt awer kee Ministère kënne soen, wou gespuert géif ginn, gouf vun der LSAP an déi gréng gesot.

Dat war d’Kritik, wëssend datt d’Dräierkoalitioun viru ronn 10 Joer eng ganz Lëscht presentéiert hat mat chiffréierte Spuermoossnamen, wéi si hiren éischte Budget virgestallt haten.

Dat ass hei net geschitt. Par contre huet d’CSV-DP Regierung confirméiert, datt si 2025 d’Steiertabell wéilt nach weider un d’Inflatioun upassen. Och d’Betribssteier geet erof, grad ewéi d’Taxe d’abonnement. Dat heescht, d’Recettë kéinten do erofgoen.

D’Sam Tanson vun déi gréng huet sech zum Beispill besuergt gewisen. Et kéim een aus enger Kris eraus, nämlech der Pandemie. Den Ukrainkrich hätt awer och d’Energiekris ausgeléist an et wéisst een net, wéi et elo virugeet. Datt d’Regierung elo higeet fir d’Steieren erofzedrécken, wier ee Risiko.

Opgefall ass dann awer och, datt d’CSV d’Budgetspolitik vun der Dräierkoalitioun net kritiséiert huet. An dat huet och ee Grond: D’DP-Ministerin Yuriko Backes hat an där Koalitioun de Ressort Finanzen.

D’Regierung huet awer Annoncë gemaach a gesot, datt de Budget fir d’Investitiounen héich géif bleiwen, grad ewéi d’Sozialleeschtungen.

Gréisser Infrastrukturprojete ginn an den nächste Joren effektiv gebaut, allerdéngs sinn dat fir den Ament Projeten, déi ënnert der Dräierkoalitioun an d’Weeër geleet goufen: Tram, Mobilitéit, Contournementen. An a Punkto Sozialleeschtunge bleift de Budget héich. D’Sozialtransferte maache 47 Prozent vum Budget aus, hunn d’Majoritéitsparteien ënnerstrach. Dat sinn awer och gréisstendeels Ausgaben, déi automatesch weiderlafen: Kannergeld, Familljenzoulagen, oder nach d'Cotisatioune fir d’Pensiounen.

CSV an DP hu sech als sozial beschriwwen

Rhetoresch war et bei der DP interessant. Déi Liberal krute virgeworf, zesumme mat der CSV eng liberal Politik ze féieren, ënnert anerem am Beräich vum Logement. Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum huet a senger Ried e puer Mol widderholl, datt d’Regierung keng Politik mam kalen Häerz géif féieren. Et wier ee Budget fir d’Mënschen a fir d’Zukunft.

An hat d’Rapportrice, d’CSV-Deputéiert Diane Adehm, sech an hirer Ried op d’Finanzplaz konzentréiert, sou huet den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz - ee fréieren LCGB-Gewerkschaftler - sech éischter op déi sozial Dimensioun konzentréiert. Hien huet awer dobäi och de Logement als gréisste Problem genannt. 

Kritik am Virfeld vun den Europawalen

D’Oppositioun huet kritiséiert, datt et fir den Ament - a virun Allem virun den Europawalen - keng Detailer driwwer gëtt, wéi d’Depensë sollen erofgedréckt ginn, oder wéi de budgetären Equiliber soll erreecht ginn. Gefuerdert gouf an enger Motioun vun déi Lénk, datt d’Ried zur Lag vum Land soll no vir geréckelt ginn. Dat heescht virun d'Europawale vum 9. Juni. Déi Ried gëtt awer ewéi virgesi vum Premier Luc Frieden den 11. Juni gehalen.

D’Motioun gouf nämlech ofgeleent, sou datt een eventuell an der Ried zur Lag vum Land eréischt no den Europawale méi Konkretes annoncéiert kritt, wéi et mat de Reformen a mat de Staatsfinanze virugeet.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik
Wirtschaft