Radioen

On air

Concert  |  « Au gré des vents »

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Gilles Roth rechent mat schlechten Annoncen aus dem Bausecteur

Bausecteur

De Gilles Roth rechent mat schlechten Annoncen aus dem Bausecteur

De Gilles Roth bleift pessimistesch wat d'Zukunft vu verschiddenen Entreprisen aus dem Bausecteur ubelaangt. De Finanzminister sot an der Chamber, hie géif dës Woch mat "schlechten Annoncen" aus dem Bausecteur rechnen.

auto_stories

1 min

Foto: Chambre des députés

De Wunnengsbau wier eng Erausfuerderung, huet de Gilles Roth betount. Verschidden Entreprisen aus dem Bausecteur géingen awer nach dës Woch riskéieren, “schlecht Annoncë” mussen ze maachen. D’Regierung wéilt awer alles dru setzen, fir Chômage a Faillitten an dësem Beräich ze evitéieren, sou nach de Gilles Roth.

Virum Optakt vun de Budgetsdebatten hunn de Finanzminister an de Wirtschaftsminister Lex Delles um Krautmaart iwwerdeems och de Stabilitéits- a Wuesstemsprogramm an den nationale Reformprogramm presentéiert, déi d’Regierung der EU-Kommissioun schéckt.

Aktualitéit
Politik
Wirtschaft