Radioen

On air

Concert  |  « Au gré des vents »

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ STATEC a Steierverwaltung: Et feelt un Donnéeë fir besser Previsioune kënnen ze maachen

Finanzen

STATEC a Steierverwaltung: Et feelt un Donnéeë fir besser Previsioune kënnen ze maachen

De STATEC kritt vun der Steierverwaltung net déi néideg Donnéeë fir besser Previsioune kënnen ze maachen, zum Beispill zu de Staatsrecetten duerch d’Besteierung vun den Entreprisen. Dat war een Theema beim Austausch tëschent de Vertrieder vun der Statistikverwaltung an den Deputéierten aus der Chamber-Finanzkommissioun.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Dem STATEC no wieren d’Staatsrecetten d’lescht Joer deconnectéiert vun der ekonomescher Aktivitéit gewiescht. 

Net déi néideg Donnéeën

Normalerweis géifen dës Recettë parallel mat der Entwécklung vun der Wirtschaft a vun der Inflatioun verlafen. Den Tom Haas vum STATEC schwätzt vun enger Iwwerraschung bei de Steierrecette vum Joer 2023.

"Do war dann effektiv eng Iwwerraschung am leschten Trimester, vun aussergewéinlech héije Steierrecetten, notamment d’Betribssteieren."

De STATEC hätt awer net déi néideg Donnéeë fir eng Erklärung fir dës Entwécklung ze fannen, bedauert den Tom Haas. Virun allem d’Steieren aus de Jore virdrun, déi d’Entreprisen nobezuelen, wieren imprevisibel a ganz volatil.

"Mir sinn do am leschten Trimester bei iwwer 500 Milliounen Euro gewiescht. An der Moyenne si mir do bei 200 Milliounen. Insgesamt op deene leschten 10, 15 Joer gekuckt, war nëmmen eemol, datt mir iwwerhaapt bei iwwer 400 Millioune louchen. Dat war am Joer 2018-2019. Deemools war d’Erklärung, datt et u sech eng Digitaliséierung, eng Automatiséierung vum Prozess war fir d’Steieren u sech eranzedreiwen. Eng Erklärung elo fir déi staark Haussen, déi mir elo Enn d’lescht Joer haten, krute mir awer nach net."

Den Tom Haas erkläert, datt am Gesetz géif stoen, datt de STATEC administrativ Donnéeë misst kréie kënnen. 

De STATEC hofft op eng Verbesserung

An der Praxis géif dat bis elo awer net geschéien. De STATEC hofft deemno op eng Verbesserung vun der Situatioun fir an Zukunft méi prezis Previsioune kënnen ze maachen.

"Natierlech, wann ee Mikrodonnéeën zur Verfügung hätt, oder insgesamt, wann een eng besser Vue hätt op déi Recettë vun de Steieren op all de Revenuen, net nëmmen op de Betribssteieren, mee och d’Revenue vun de Menagen etc., da kéint een doraus natierlech besser Previsioune maachen."

Lauschterenplay_arrow

Déi gréng Deputéiert Sam Tanson ënnersträicht och, datt dofir onbedéngt muss nogebessert ginn, wann et ëm d'Donnéeë fir de STATEC geet. Iwwerdeems schwätzt si och vun engem "weiderhi relativ onséchere wirtschaftleche Kontext".

Sam Tanson lauschterenplay_arrow

De STATEC rechent fir dëst Joer iwwerdeems mat enger ekonomescher Croissance vun zwee Prozent a vun dräi Prozent fir 2025. D'Statisikverwaltung seet och eng ganz schwaach Croissance vun der Beschäftegung viraus, stellt den LSAP-Deputéierte Franz Fayot fest, dee vun engem “Glécksspill” vun der CSV-DP-Regierung schwätzt.

"Och dat heite weist, wat fir ee Gamble déi nei Regierung hëlt a weiderhi ganz onsécheren Zäiten, fir queesch duerch d’Bänk d’Steieren erofzesetzen."

Franz Fayot lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik
Wirtschaft