Radioen

On air

Concert  |  « Au gré des vents »

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Xavier Bettel ass op Visitt an den USA

New York an Delaware

De Xavier Bettel ass op Visitt an den USA

De Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel reest haut a muer fir eng Aarbechtsvisitt op New York an an den US-Staat Delaware. Hien trëfft do den Ierfgroussherzog Guillaume. Dee war mat enger Lëtzebuerger Delegatioun gëscht a virgëschter schonn zu Detroit an zu Cleveland e puer Entreprisë besichen, dorënner och Goodyear.

auto_stories

1 min

Zil vun der Visitt ass eng Verdéiwung vun de Relatioune mat de wichtegsten amerikaneschen industriellen Investisseuren zu Lëtzebuerg, esou e Communiqué vum Ausseministère. D‘USA sinn de wichtegste kommerzielle Partner vu Lëtzebuerg baussent Europa.

Zu Wilmington trëfft déi Lëtzebuerger Delegatioun Vertrieder vun der Entreprise Dupont, déi zanter 1962 zu Lëtzebuerg aktiv ass.

Zu New York steet och eng Konferenz iwwer d‘Weltraumekonomie um Programm, déi vun der Lëtzebuerger Weltraumagence organiséiert gouf.