Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi bereet sech d'Parlament op déi nei Legislatur vir?

Chamber

Wéi bereet sech d'Parlament op déi nei Legislatur vir?

Wärend d’Koalitiounsverhandlungen eréischt ugefaangen hunn, geet d'Aarbecht vun der Chamber virun. Mat där neier Constitutioun bleift déi aktuell Regierung bis de 24. Oktober am Amt. Do duerno, bis datt de Koalitiounsaccord ënnerschriwwe gëtt, muss sech eng nach net komplett, mee schonn handlungsfäeg Chamber bilden.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Laurent Scheeck | © Chambre des Deputés play_arrow

Déi éischt Chambersitzung de 24. Oktober wäert virun allem ee prozeduralen Dag ginn. Geleet gëtt si vum déngschteelsten Deputéierten – an dësem Fall wäert dat den CSV-Deputéierte Michel Wolter sinn. Nodeems eng Rei Hommagen u fréier a verstuerwen Deputéiert gemaach goufen, gëtt eng Commission de vérification ausgeloust. Dës besteet aus siwe Memberen, déi d’Resultat vun de Walen an d’Pouvoire vun de Gewielten nach eemol iwwerpréiwen. Da ginn all direkt gewielten Deputéiert vereedegt, seet de Generalsekretär vun der Chamber Laurent Scheeck.

“De 24. Oktober wäerte mir eng provisoresch Presidentekonferenz nomméieren, mir wäerten ee provisoresche Chambersbüro designéieren an et wäerten och eng Rei Kommissiounen aus statutaresche Grënn, an och well dat eng Traditioun ass, scho genannt ginn.”

D'Chamber bleift handlungfäeg

Dës Zesummesetzung vun der Chamber kann op déi Manéier schonn Decisiounen treffen, déi an engem Noutfall och iwwer d’affaires courantes eraus ginn. Dat esou laang, bis datt d’Still vun de Ministeren, déi erëm gewielt goufen, erëm besat sinn an déi nei a komplett Regierung steet.

Nach virun der éischter Chamberssitzung wäert den 19. Oktober eng Presidentekonferenz zesummekommen, fir iwwer déi nei Sëtzverdeelung am Sall ze schwätzen. Bis dohi kënnen d’Fraktiounen an d’Sensibilitéite Propositiounen erareechen.

D'Koalitiounsverhandlunge kéinten nach bis an den Dezember eran daueren

“An opgrond vun deenen Informatiounen, déi bis iwwernächsten Donneschden zesummelafen, wäert d’Administratioun vun der Chamber eng Propositioun ausschaffen a wa jidderee sech eens ass, wäert eng Decisioun geholl ginn.”

De Laurent Scheeck geet dovun aus, datt d’Koalitiounsverhandlungen nach bis an den Dezember era kéinten daueren.

Lauschterenplay_arrow