Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Adi Oasis - Naked Feat. Leven Kali

play_arrow Live
search

/ EU-Deputéiert soen Äddi

LESCHT SESSIOUN ZU STROOSSBUERG

EU-Deputéiert soen Äddi

Zu Stroossbuerg goung déi lescht Sitzung vum Europaparlament op en Enn. Et gouf sech deels mat groussen Emotiounen Äddi gesot. Déi eng ginn no ville Joren am Parlament fir ëmmer, déi aner hoffen drop, erëmgewielt ze ginn.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: European Union

De Programm an der leschter Plenièreswoch war strubbelvoll. Bal 90 legislativ Texter hunn nach missen op de leschte Stëppel duerchbruecht ginn. D’Votte goufen duerch vill lescht Wuertmeldungen an der Plenière, fir op deem Wee Äddi ze soen, zousätzlech an d’Längt gezunn.

Zum Beispill vum Philippe Lamberts, deen no 15 Joer als Europadeputéierten net méi Kandidat ass. Fir dat ze feieren huet de belsche gréngen souguer jiddereen op ee Patt invitéiert.

Büroe musse geraumt ginn

An de Büroe gouf iwwerdeems agepak. Och zu Bréissel. D’Deputéiert mussen hir Büroen nämlech elo scho raumen, fir datt se fir déi nächst Gewielte kënne prett gemaach ginn, erkläert d’Isabel Wiseler. D’CSV-Europadeputéiert huet als Questorin vum Parlament dee Wiessel, deen elo usteet, mat organiséiert.

"Et kann een de Büro weider benotzen, mee all déi perséinlech Saache mussen ewechgeraumt ginn, well et muss alles preparéiert gi fir wann déi Nei kommen. Dat ass eng Monster-Organisatioun."

Am Büro vun der grénger Europadeputéiert Tilly Metz ginn déi nächst Woch déi lescht Këschte gepak.

"Dono geet een och nach eng Kéier gutt mat senger Ekipp iessen. Fir si kënnt jo elo och een anere Moment, och wa si weider fir ee schaffen."

Assistent:innen, déi bei der Walcampagne wëllen dobäi sinn, mussen allerdéngs Congé huelen, sou d’Reegel am Parlament.

Lëtzebuerger EU-Deputéiert trieden all nees un

Fir den DP-Europadeputéierte Charles Goerens ass et schonn déi fënnefte Kéier, datt hien dee Moment vum Äddi erlieft. Ass een als alen Hues do manner onsécher, wat d’Zukunft ugeet?

“Demokratie ass keng Garantie, et ass eng Méiglechkeet”, seet hien. Hie wëll déi Opportunitéit och op en Neits notzen: “Ech si voller Zouversiicht.”

D’Lëtzebuerger Europadeputéiert sinn alle sechs nees Kandidat bei den Europawalen. Fir si ass et also net een Äddi fir ëmmer.

D'Walcampagne ass lancéiert

De Philippe Lamberts fir säin Deel ass, obwuel hien decidéiert huet, net méi unzetrieden, ganz am Walkampfmodus. D’Sondagë soen ee staarken Zoulaf fir extreem riets Parteie viraus. De Green Deal fir de Klimaschutz wier en Vue dovun a Gefor, sou de leschte Message vum belsche Gréngen.

“Dat ass d’Haaptfro fir dës Walen, an dat mussen déi Gréng de Leit kloer maachen: Wann Dir dat net wëllt, musst Dir Gréng wielen, well ouni eis kann een dat vergiessen.”

De Walkampf ass also voll am gaangen. Nom leschten Optrëtt vum Chef vun der gréisster Fraktioun, der Europäescher Vollekspartei, war eis Fro un de Manfred Weber, wéi seng Strategie ausgeséich, fir der Hausse vun der extrême Droite entgéint ze wierken? Et misst een d'Problemer vun de Leit eescht huelen a probéieren, dës ze léisen.

“Das heisst konkret: Bei der Migration, dass wir an der Aussengrenze entscheiden, ob jemand ein Flüchtling ist und wir ihn willkommen heissen, oder ob jemand ein illegaler Migrant ist, den wir abweisen müssen. In Bezug auf Wirtschaftssorgen, die im Raum stehen, ob wir die Industrie und die Wettberwerbsfähigkeit Europas hochhalten können. Und wie wir Frieden sichern."

D’Europadeputéiert, déi nees zeréck an d’Parlament wëlle kommen, fueren elo heem an hir Walkreesser fir do Campagne ze maachen.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa
Europawalen