Radioen

On air

19:00  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischten Atomreakter vun der neier Generatioun dierf un d'Netz goen

Frankräich

Éischten Atomreakter vun der neier Generatioun dierf un d'Netz goen

Den neie franséischen Atomreakter vu Flamanville an der Normandie dierf am Summer un d‘Netz goen. 12 Joer méi spéit ewéi geplangt huet déi franséisch nuklear Opsiicht ASN gréng Luucht gi fir de Reakter vun der neier Generatioun EPR.

auto_stories

1 min

Flamanville | © picture alliance / DUMONT Bildarchiv | Franz Marc Frei
Foto: picture alliance / DUMONT Bildarchiv | Franz Marc Frei

D‘Bauaarbechten un deem ëmstriddene Reakter haten 2007 ugefaangen an hunn deemno 17 Joer laang gedauert. Verspéidung gouf et ënner anerem, well d‘Stol-Hüll net ganz dicht war. Mat engem geschate Käschtepunkt vun 13,2 Milliarden Euro war de Reakter véiermol esou deier wéi ursprénglech geplangt.