Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Please Call Me, Baby

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmmer méi armeenesch Flüchtlingen aus Bergkarabach

Kaukasus

Ëmmer méi armeenesch Flüchtlingen aus Bergkarabach

D‘Zuel vun armeenesche Flüchtlingen aus der Enklave Bergkarabach klëmmt weider: Eng 30.000 Leit, also ronn ee Véierel vun der gesamter ethnesch armeenescher Populatioun an der Enklave, sinn an Armenien ukomm, esou déi armeenesch Regierung.

auto_stories

1 min

D‘Leit verloossen d‘Enklave no der Militär-Aktioun d‘lescht Woch vum Aserbaidjan, de Bergkarabach elo kontrolléiert. Den aserbaidjanesch President sot, déi ethnesch Armeenier géifen an den Aserbaidjan integréiert ginn.

Dowéinst ginn Observateuren dervun aus, datt praktesch déi gesamt armenesch Populatioun - also 120.000 Leit – aus der Enklave wäert flüchten.

Dat huet eng Flüchtlingskris ausgeléist an d‘EU huet Hëllef annoncéiert, an d‘UNO huet den Aserbaidjan opgeruff, d‘Rechter vun den Armeenien ze respektéieren.

Bei der Flucht war virgëscht een Ongléck geschitt: ee Sprit-Depot, wou Flüchtlinge mam Auto tanke wollten, ass explodéiert. De Bilan vun den Affer ass op 68 Doudeger an 290 Blesséierter geklommen, esou armeenesch Sourcen.