Radioen

On air

Notturno  |  Elliott Smith - Angeles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Jean-Lou Siweck iwwer d'Zukunft vum radio 100,7

30 Joer radio 100,7

De Jean-Lou Siweck iwwer d'Zukunft vum radio 100,7

Virun 30 Joer ass den 100,7 fir déi éischte Kéier op Antenn gaangen. Et kann ee wuel soen, datt de radio 100,7 30 Joer no engem éischter schwieregen Ufank mëttlerweil seng Plaz an der Lëtzebuerger Medielandschaft fonnt huet. 

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
De Jean-Lou Siweck ass zanter 2021 Direkter vum radio 100,7.

Ufanks war et dem radio 100,7 säin Optrag als soziokulturelle Radio eng spezifesch Nisch ze besetzen. Mam neie Gesetz vum leschte Joer krut den 100,7 ganz offiziell d’Missioun, als Generaliste-Radio all d’Leit zu Lëtzebuerg unzeschwätzen.

Eng besonnesch Verflichtung

Als Service Public huet de Radio 100,7 besonnesch Verflichtungen. D’Redaktioun muss onparteiesch an onofhängeg bleiwen. Et ass dem 100,7 seng Missioun, zur sozialer Kohesioun bäizedroen, d’Diversitéit vun Iddien a Meenungen ze reflektéieren an déi demokratesch, sozial a kulturell Bedeelegung vun de Bierger ze promovéieren.

Am Mäerz dëst Joer huet den 100,7 eng nei Finanzéierungs-Konventioun mam Staat ënnerschriwwen. Domat kritt de Sender d’Chance, sech nach méi weiderentwéckelen, betount den Direkter Jean-Lou Siweck.

Mam Ausbau vun DAB Plus kéint och méi an den Opus 100,7 gestach ginn, fir dem Programm méi mat perséinlech Animatioun ze verstäerken an auszebauen. E groussen Deel géif awer och an dat digitaalt goen, erkläert de Jean-Lou Siweck.

De radio 100,7 an enger zweeter Sprooch?

Nach keng Moyene gouf et fir e Programm an enger zweeter Sprooch unzebidden. Et gëtt awer een Accord mat der Regierung, datt den 100,7 an zwee Joer eng Etüd lancéiert, fir de Besoin op der Säit vun der Audience ze analyséieren an dann nach eemol ze verhandelen.

De Jean-Lou Siweck ka sech gutt virstellen, graduell iwwer déi nächst Joer eng digital an On-Demand Offer an enger zweeter Sprooch ze kreéieren. Hie fënnt datt een als service Public, deen zu enger funktionéierender Gesellschaft soll bäidroen, dat net just op Lëtzebuerg ka maachen.

"Däitsch mengen ech manner, well am Passiven een Däitschsproochegen net sou Problemer huet fir Lëtzebuergesch ze verstoen, wann en dat wëllt. Franséisch an Englesch sinn éischter déi Sproochen, déi wäit ewech leien."

Radio an Tele zesummebréngen

Nach gëtt et keng Diskussiounen doriwwer, een zweete Radio als Service Public ze grënnen. D’LSAP huet an hirem Walprogramm awer déi konkret Propos, déi nächst Joren ze notzen, fir een neie Service Public ze schafen, deen de Radio an d’Tele zesummebréngt. De Jean-Lou Siweck kéint sech béides virstellen a well sech kenger Diskussioun verschléissen.

„Ech mengen einfach, datt mir déi nächst 3 bis 4 Joer hei am Haus d’Missioun hunn, ze weisen, datt mir wëssen, wéi dat geet, datt mir déi digital Kéier och kréien, wat jo fir all d’Medien eng grouss Fro ass, datt mir dat professionell maachen, datt mir verantwortlech mat de Suen ëmginn, déi mir kréien an datt mir beim Public ukommen.“

Déi nei Konventioun wäert bis Enn 2030 lafen. Si wäert domat zäitgläich mat der Konventioun vum Staat mat RTL Lëtzebuerg op en Enn kommen. An eiser Mediewelt, déi sech déi ganzen Zäit séier weiderentwéckelt, wier et zu dësem Zäitpunkt nach ze fréi, fir driwwer ze spekuléieren, wat duerno geschitt, fënnt den 100,7-Direkter Jean-Lou Siweck.

Lauschterenplay_arrow