De Mike Waltz muss wuel goen, wéinst der Affär ëm e Gruppenchat mat brisante militäreschen Informatiounen iwwer op der Plattform Signal, an deen iertemlecherweis e Journalist bäigesat gi war.
Den Ausseminister Marco Rubio soll den Interim als Sécherheetsberoder maachen. Hien beréit de President a Froe vun der nationaler Sécherheet an der Aussepolitik.
Déi leschte Kéier, datt et déi Konstellatioun an den USA gouf, war an de 70er Joren. Deemols hat den Henry Kissinger déi zwou Rollen.