Radioen

On air

De Weekend  |  Molly Burch - Physical

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fokus: Mat zwee erfuerene Spëtzekandidaten an Ambitiounen an d'Europawalen

Engel a Semedo féieren d'Lëscht un

Fokus: Mat zwee erfuerene Spëtzekandidaten an Ambitiounen an d'Europawalen

Fokus geet mat zwee erfuerene Spëtzekandidaten a mat Ambitiounen an d’Europawale vum 9. Juni. Um Europakongress gëschter um Samschdegmoien am Wäikeller vum Veiner Schlass gouf et nach Réckewand duerch d’eestëmmegt Unhuele vum Programm mam Titel “Europa muss liwweren” a vun de Spëtzekandidature vum Frank Engel a vum Monica Semedo.

auto_stories

4 min

headphones

2 min

Fokus | © Jo Diseviscourt play_arrow

Nieft dem Ex- an der aktueller Europadeputéierte stelle sech soss nach de Marc Ruppert, d’Anne Winter, d’Anne Lecuit an de Rick Oberweis dem Wieler. Et ass eng jonk Lëscht mat engem Altersduerchschnëtt vu grad emol 35 Joer. 

Europa verdeedegungsfäeg maachen

Kämpferesch an determinéiert huet sech de Parteispriecher Frank Engel gewisen, deen am europäeschen Deel vu sengen Ausféierunge virop op de Krich an der Ukrain agaangen ass.

“Et wier awer gutt, wa mir géife realiséieren, datt dat, wat do passéiert ass, virun 80 Joer och hei passéiert ass, an an zwee Joer hei erëm ka passéieren, wa mir et net fäerdegbréngen, dofir ze suergen, datt déi Russen do matgedeelt kréien, datt et iergendwéini eng Kéier gutt ass.”

Europa misst verdeedegungsfäeg gemaach ginn, fir datt d’Fräiheet op eisem Kontinent net stierwe géif, sou de Frank Engel. Deen donieft fir net manner Immigratioun plädéiert huet a fir dringend legal Awanderungsweeër, woubäi Friemer hei Prinzippie wéi Gläichberechtegung respektéiere missten.

“Dat heescht, datt all déi Clownen, déi mengen, si missten hei hir Frae mat de Boken op den Tour schécken, iergendwéini eng Kéier musse gezielt kréien, datt et elo duergeet.”

Kritik un der Regierung hirer Ëmweltpolitik

Kritiséiert gouf donieft d’klimapolitesch Approche vun der CSV-DP-Regierung.

“Egal ob de Luc Frieden dat elo besonnesch eescht hëlt oder net, an datt een awer elo mol soll zu Verstand zeréckkommen: Ech soen Iech, de Verstand ass eng gutt Saach. Mee de Verstand misst engem eigentlech soen, datt déi extrem Wiederphenomener, déi mir amgaange sinn ze kennen, net vum selwen erëm verschwannen, just well den Här Frieden der Meenung ass, et misst een elo méi verstänneg mat hinnen ëmgoen.”

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Fokus gouf ënner Drock gesat

De Fränk Engel ass doriwwer eraus op déi rezent parteiintern Turbulenzen agaangen. Et hätt ee missen handelen, esou de Parteispriecher.

"Well mir vun Eenzelnen erpresst gi sinn, well mir vun Eenzelnen ënner Drock gesat gi sinn, op total onzoulässeg Manéier.”

Et hätt alles seng Grenzen an et hätt ee sech zu kengem Moment enger schrecklech schlëmmer Saach schëlleg gemaach, huet de Fränk Engel betount. An och de Parteipresident Marc Ruppert huet eng Uspillung op déi rezent Reiwereien gemaach.

“D’Schëff ass intakt, et ass Ballast verluer gaangen. Verschiddenes krallt sech nach lästeg um Heck fest, mee spéitstens haut, wou mir d’Seegele setzen, wäert och dee Ballast lues a lues verluer goen.”

Bei de “wichtegsten Europawalen zanter dem Enn vum Kale Krich”, wéi de Marc Ruppert mengt, wéilt ee mat Inhalter fir eng Iwwerraschung suergen, an et hätt een alles, fir ze liwweren. Schliisslech hätt keng Partei zwee Spëtzekandidate mat souvill europapolitescher Experienz ze bidden.

Lauschterenplay_arrow