Radioen

On air

Nei Musek  |  E Portrait vum Anders Eliasson

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fréier Buergermeeschtech vu Berlin gouf ugegraff a liicht blesséiert

Däitschland

Fréier Buergermeeschtech vu Berlin gouf ugegraff a liicht blesséiert

An Däitschland gouf et nees eng Attack op eng Politikerin vun der SPD: D‘Franziska Giffey, Berliner Wirtschaftssenatorin a fréier Buergermeeschtesch vun der Haaptstad, gouf an enger Bibliothéik zu Berlin vun engem Mann attackéiert a liicht blesséiert.

auto_stories

1 min

Franziska Giffey | © picture alliance/dpa | Soeren Stache
Foto: picture alliance/dpa | Soeren Stache

De Mann hätt si mat enger Posch, déi mat haarde Géigestänn gefëllt war, vun hannen op de Kapp an den Hals geschloen, esou d‘Police. De Staatsschutz vun der Police huet d‘Enquête iwwerholl.

D‘lescht Woch war de sächseschen SPD-Spëtzekandidat fir d‘Europawale Mathias Ecke vu véier Männer zesummeschloen a schwéier blesséiert ginn. D‘Innenministeren aus den däitsche Länner kommen haut zesumme fir eventuell méi haart Strofe géint déi Responsabel vun esou Attacken ze decidéieren.