Radioen

On air

De Moien  |  Justice, Tame Impala - Neverender

play_arrow Live
search

/ Hollywood weist sech entsat

Affär Harvey Weinstein

Hollywood weist sech entsat

Vill Schauspillerinne weise sech entsat, well d'Urteel géingt de Filmproduzent Harvey Weinstein opgehuewe gouf. Virun allem déi Fra, déi alles ugestouss hat, ass schockéiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Pacific Press | Lev Radin
Foto: picture alliance / Pacific Press | Lev Radin

"Ech sinn entsat." Dat war de Kommentar vun der amerikanescher Actrice Mira Sorvino nodeems bekannt gouf, datt ee Gericht dat historescht Urteel géint de Filmproduzent Harvey Weinstein opgehuewen huet. Si war eng vun den éischte Fraen, déi dem Weinstein sexuell Belästegung virgeheit hat.

Mat dësen Uschëllegunge ronderëm déi ganz Affär war d‘“Mee too“-Bewegung lassgetrëppelt ginn. 2020 war de Weinstein zu 23 Joer Prisong verurteelt ginn. D‘Riichter hunn am Appell elo fonnt, et wiere Prozedurfeeler ginn.

An engem weidere Prozess war de Weinstein awer nach zu 16 Joer verurteelt ginn.