/ Verhandlungen iwwert eng Waffepaus: D'Waarden op déi israeelesch Delegatioun
Noen Osten
Verhandlungen iwwert eng Waffepaus: D'Waarden op déi israeelesch Delegatioun
Zu Kairo an Ägypte ginn déi indirekt Verhandlungen iwwer d‘Fräiloossung vun israeelesche Geiselen an iwwer eng Waffepaus haut weider. Israel an d‘Hamas geheie sech awer géigesäiteg fir, guer net un engem Accord interesséiert ze sinn.
Zu Kairo solle Verhandlunge stattfannen. (Foto: Timur Kulgarin / Bigstock)
Israel huet awer, anescht ewéi d‘Hamas, bis elo nach keng Delegatioun op d‘Plaz geschéckt. Dat soll eréischt geschéien, wann d‘Hamas déi israeelesch Propos, déi um Dësch läit, acceptéiert, mellen israeelesch Zeitungen.
Israel huet an de leschte 24 Stonne Loftugrëffer op déi palästinensesch Stad Rafah gemaach. Dobäi wieren 32 Leit ëm d‘Liewe komm, mellt d‘Hamas.