Radioen

On air

Am Buedmantel  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Gérard Schockmel stéing prett fir Gesondheetsminister ze ginn

Gesondheetssecteur

De Gérard Schockmel stéing prett fir Gesondheetsminister ze ginn

Den Dokter Gérard Schockmel verstoppt seng Ambitioun net fir wëlle Gesondheetsminister ze ginn. Hien hätt dat néidegt Wëssen (medezinesch an och iwwer de Gesondheetssystem) an déi noutwenneg Manager-Qualitéite fir deen Job ze iwwerhuelen, seet den neien DP-Deputéierten.

auto_stories

2 min

Gérard Schockmel | © Chris Zeien
De Gérard Schockmel ass wärend der Corona-Pandemie bekannt ginn.(Foto: Chris Zeien)

Och d’Tatsaach, datt hien am Zentrum just als fënneften op senger Lëscht gewielt gouf, géif net dogéint schwätzen.

„Vun deenen, déi Interesse hunn an eng Regierung ze kommen falls déi Méigklechkeet sech opmécht, sinn ech deen Drëtte. Well viru mir sinn d’Lydie Polfer an d’Corinne Cahen, an déi hu jo signaliséiert, datt se hir ganz Energie bei der Gemeng investéiere wëllen.“

Hien hätt awer näischt vu senger Partei versprach kritt an hie wéisst och net wéi staark d’DP sech an de Koalitiounsverhandlungen dofir géif asetzen d’Santé ze kréien. Mee wa si de Ressort kréich, géif hie selbstverständlech zur Verfügung stoen. Déi néideg Qualifikatioun hätt hien op alle Fall, sou de Gérard Schockmel.

"Déi néideg Manager-Qualitéiten a medezinescht Wëssen"

Hie géif op alle Fall déi néideg Qualitéite matbrénge fir Gesondheetsminister ze ginn. Nieft ausgepräägte Managerqualitéiten hätt hien och eng joerzéngtelaang Erfarung als Medezinner opzeweisen.

„Ech hu weltwäit Projete gemanagt, ech si scho relativ laang am Geschäft. An déi Verbindung vu Management-Qualitéiten an engem ganz zolitte Wëssen an der Medezin wou ee menger Meenung no mindestens 20 Joer dofir brauch: dat ass natierlech eng staark Verbindung.“

Work life balance och als liberale Medeziner méiglech

D‘Presidentin vun de Medezinstudente sot rezent hei op der Antenn, datt d‘work life balance fir Jonker deelweis méi wichteg wier, wéi déi aktuell liberal Natur vum Job. De Gérard Schockmel kann dat gutt novollzéien, seet awer och, datt sech eng gutt work life balance an engem liberale Kader gestalte géif loossen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Politik
Politik a Gesellschaft