Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Musse sougenannten Dubliner logéiert ginn?

Immigratiounspolitik

Musse sougenannten Dubliner logéiert ginn?

Am Fall vun engem sougenannten Dubliner huet d’Verwaltungsgeriicht een éischt Urteel gesprach: Hie muss en Daach iwwer de Kapp kréien. Wat bedeit dat elo fir déi aner Refugiéen? Mir hunn eis mam Mënscherechtsaffekot Frank Wies doriwwer ënnerhalen.

auto_stories

4 min

headphones

3 min

play_arrow

D’lescht Woch huet d’Verwaltungsgeriicht en éischt Urteel am Fall vun engem sougenannten Dubliner gesprach. De Mann, deen eleng op der Flucht ass, a schonn an engem aneren europäesche Land eng Asylprozedur ugefaangen huet, muss vum lëtzebuergesche Staat en Daach iwwer dem Kapp kréien. Dat, nodeems zanter leschtem Oktober männlech Refugiéen, déi eleng reesen, net méi automatesch direkt eng Plaz an enger Hebergementsstruktur kréien, mee op eng Waardelëscht kommen an domat op der Strooss sëtzen.

Wéi ee Geriicht ass iwwerhaapt zoustänneg?

De Mënscherechtsaffekot Frank Wies, dee sech och selwer viru Geriicht fir d’Rechter vun deene Leit asetzt, erkläert, datt hien net gemengt hat, datt dat éischt Urteel esou laang op sech waarde géif loossen. 

Datt dat éischt Urteel bal fënnef Méint gedauert huet läit drun, datt d’Verwaltungsgeriicht an engem éischte Fall am Fong festgehalen hat, datt si net zoustänneg wieren, erkläert de Frank Wies. Doropshi wier een un d’Zivilgeriicht gezunn, an dat hätt an engem éischten Urteel festgehalen, datt och si net zoustänneg wieren.

"An do huet d’Verwaltungsgeriicht awer gesot: ... de Staat huet fir d’éischt gesot, d’Verwaltungsgeriicht ass net zoustänneg. Du geet een op d’Zivilgeriicht a seet, d’Zivilgeriicht ass net zoustänneg. An dunn huet ee gesot, de Staat muss awer kohärent bleiwen. E kann net soen, datt kee Geriicht zoustänneg ass dofir."

Een Urteel, dat (fir de Moment) just een Eenzelne betrëfft

D’Verwaltungsgeriicht huet jo dann och d’lescht Woch een éischt Urteel matgedeelt, mee déi Entscheedung betrëfft awer elo just deen ee Mann, deen eng Requête agereecht huet.

"Quitt datt Anerer, falls lo eng Jurisprudenz kënnt, an hire Fall ass änlech gelagert, sech kënne vun dem Urteel natierlech net nëmmen inspiréiere loossen, mee se och invoquéieren. Also soen, kuckt hei Geriicht, Dir hutt schonn am Fall vum Här XY sou a sou decidéiert. Meng Situatioun ass d’selwecht. Wannechgelift decidéiert elo d’selwecht."

Op den ONA, also den Office National de l'Accueil, dann elo seng Decisioun muss iwwerschaffen, dat ass nach net decidéiert.

"En Urteel vum Verwaltungsgeriicht ass a priori ëmmer individuell, also op eng Persoun. An aner Persounen, déi dat wëlle fir sech notzen, déi mussen dann eben och noweisen, datt hir Situatioun d’selwecht ass, wéi déi, am Fall wou d’Verwaltungsgeriicht tranchéiert huet."

Laut dem Minister fir den Accueil, dem Max Hahn, betrëfft dat Reglement vum ONA just Dubliner. Also Männer, déi eleng ënnerwee sinn a schonn iergendwou enregistréiert sinn.

Lëtzebuerg mécht "Politik mat haarder Hand"

Wa si iwwer d’Mëttelmier kommen, da ginn am Land wou si ukommen - ganz dacks déi italieenesch Insel Lampedusa - hir Fangerofdréck geholl, erkläert de Frank Wies. Deemno si si quasi ëmmer schonn do enregistréiert.

"Ech wëll just drun erënneren, datt Italie säit iwwer engem Joer d’Dublin-Reglement eigentlech ausgesat huet de facto, well Italien hëlt kee méi zeréck."

Well och Italie géif soen, datt hir Hebergementsstrukturen iwwerfëllt sinn, esou nach de Frank Wies.

Datt elo zu Lëtzebuerg och eng "Politik mat haarder Hand" gemaach gëtt an differenzéiert gëtt tëschent de sougenannten Dubliner an anere Refugiéen, wier a sengen Aen net gesetzeskonform.

"Gesetzlech ass et eigentlech guer net méiglech fir ze soen, ech maache lo eng Ënnerscheedung tëschent männlechen Dubliner, fir se Mol sou ze nennen, an deenen aneren. An déi männlech Dubliner, déi hebergéieren ech an enger éischter Phas net, fir dann déi aner ze hebergéieren."

Suergen iwwer de Logement

Logéiert gi si ënner anerem an der SHUK um Kierchbierg: Eng Institutioun, déi laut ONGen an och dem Mënscherechtsaffekot Frank Wies scho laang hätt missen zougemaach ginn.

"Elo si mir an der Situatioun, datt mir frou sinn, wann eis Clienten do ënner kommen. Do gesäit ee wéi wäit mir sinn, also mir si schonn um Réckschrëtt."

De Mënscherechtsaffekot Frank Wies weist sech trotzdeem ganz virsiichteg optimistesch wat d’Ënnerbrénge vu männleche Refugiéen ugeet.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit