Radioen

On air

Concert Euroradio  |  Nëmme Mozart fir de 75. Jubiläum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paräis: Arrestéierte Mann schéisst zwee Polizisten um Kommissariat un

Frankräich

Paräis: Arrestéierte Mann schéisst zwee Polizisten um Kommissariat un

Zwee Poliziste goufen hënt op engem Paräisser Kommissariat blesséiert wéi e Mann, dee si festgeholl haten, op si geschoss huet. De Mann war wéinst Gewalt am Stot festgeholl ginn. Hien hat seng Fra mat engem Messer blesséiert.

auto_stories

1 min

Police Frankräich | © Flickr

Wéi d‘Beamten hien um Kommissariat wollten duerchsichen huet hien hir Waff geklaut an op e Polizist a seng Kolleegin geschoss. Béid Beamte goufe liewensgeféierlech blesséiert.