Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Decisioune vum Donald Trump: Douanestaxen op auslännesch Filmer an eng Reouverture vun Alcatraz

USA

Nei Decisioune vum Donald Trump: Douanestaxen op auslännesch Filmer an eng Reouverture vun Alcatraz

Den Donald Trump huet Douanestaxe vun 100 Prozent op auslännesche Filmer annoncéiert. Ausserdeem huet hie wëlles, dee berüchtegte Prisong vun Alcatraz nees a Betrib ze huelen.

auto_stories

1 min

Donald Trump | © picture alliance / Consolidated News Photos | Aaron Schwartz - Pool via CNP
Donald Trump (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Aaron Schwartz - Pool via CNP)

Déi amerikanesch Filmindustrie wier amgaangen auszestierwen, dowéinst géif hien elo Filmer, déi net an den USA produzéiert goufen, mat 100 Prozent taxéieren, esou den US-President. 

Den Donald Trump huet och annoncéiert, datt dee berüchtegte Prisong vun Alcatraz nees opgoe soll. De Prisong, op enger klenger Insel an der Bucht vu San Francisco, gouf 1963 zougemaach an ass haut eng Touristen-Attraktioun.

Hien hätt déi zoustänneg Servicer gefrot Alcatraz ze moderniséieren an nees opzemaachen, fir do besonnesch geféierlech Krimineller ënnerzebréngen, esou den Donald Trump.