Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Stereo MC's - Step It Up

play_arrow Live
search

/ Nei däitsch Regierung huet hiert éischt Sträittheema

Reform vun der Pensiounskeess

Nei däitsch Regierung huet hiert éischt Sträittheema

Déi nei däitsch Regierung wollt manner intern Streidereien hu wéi hir Virgänger vun der Ampel. Elo sinn Unioun an SPD nach keng Woch am Amt, schonn diskutéiere Vertrieder:inne vu béide Parteien an der Ëffentlechkeet. Déi nei SPD-Aarbechtsministerin Bärbel Bas wëll d’Pensiounskeess reforméieren. Mam Koalitiounspartner hat si dat awer net ofgeschwat.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Déi däitsch Aarbechtsministerin Bärbel Bas vun der sPD. | © picture alliance/dpa/Revierfoto | Revierfoto play_arrow
Déi däitsch Aarbechtsministerin Bärbel Bas vun der sPD. (Foto: picture alliance/dpa/Revierfoto | Revierfoto)

Där däitscher Pensiounskeess geet et wéi sou ville Pensiounskeessen op der ganzer Welt: D’Populatioun gëtt ëmmer méi al, bezitt méi laang eng Pensioun, an d’Keess gëtt lues awer sécher ëmmer méi eidel.

Gemëschte Reaktiounen

Kee Wonner also, datt d’Bärbel Bas dorunner eppes ännere wëll. Déi néi Aarbechtsministerin vun der SPD fuerdert: Beamten an Independantë sollen, anescht wéi bis elo, verpflicht ginn, an déi gesetzlech Pensiounskeess anzebezuelen. Et misste méi Leit een Undeel un der Finanzéierung iwwerhuelen, esou kéinten d’Recettë vun der Pensiounskeess erhéicht ginn, sot d’Bärbel Bas der Funke Mediengruppe.

D’Reaktiounen op déi Propos si gemëscht: De Sozialverband VdK zum Beispill ënnerstëtzt d’Iddi vun der Ministesch. Et wier aus der Zäit gefall, datt Beamten net Deel vun der gesetzlecher Keess wieren.

"Populistesch Dommheet"

Mee just grad de Koalitiounspartner vun der Unioun wiert sech haart. D’Abezéie vu Beamten a Selbststännege géif de Problem vun der Pensiounskeess net léisen, sot den CSU-Fraktiounschef Alexander Hoffmann der Bild-Zeitung. Den CDU-Politiker Christoph Ahlhaus, Chef vum Verband vum Mëttelstand, nennt d’Propos souguer eng "populistesch Dommheet".

Besonnesch d’Unioun hat den ëffentleche Sträit tëschent den Ampel-Parteien an de leschte Joren ëmmer nees hefteg kritiséiert. No enger knapper Woch an der Regierung hunn CDU an CSU elo dat éischt Sträittheema selwer zeréck an d’Ëffentlechkeet bruecht.

 

Lauschterenplay_arrow