Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Nom Réckzuch vum Markus Pieper: Wat bleift hänken?

„PIEPERGATE“

Nom Réckzuch vum Markus Pieper: Wat bleift hänken?

Den däitschen CDU-Politiker Pieper verzicht op een héijen EU-Posten, nodeems sech d‘Kommissiounscheffin de Reproche vu „Vetternwirtschaft“ huet misse gefale loossen. Eng Affär, déi d‘Ursula vun der Leyen méiglecherweis net esou séier lass gi wäert.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Dwi Anoraganingrum/Geisler-Fotop

De Poste vun engem Beoptraagte fir kleng a mëttelgrouss Entreprisen ass mat ronn 18.000 Euro de Mount héich dotéiert. E war eppes, wat der Kommissiounspresidentin perséinlech um Häerze louch. Elo soll een an dëser Legislaturperiod guer net méi besat ginn.

Nei Nominatioun eréischt no den Europawalen

Dat huet d’Ursula von der Leyen iwwert hire Spriecher matdeele gelooss. Wat déi ganz Prozedur ugeet, hätt si sech näischt virzegeheien, sou gëscht den Eric Mamer.

„Cette procédure a été menée selon les règles pour ce faire. La décision prise par Markus Pieper lui appartient. La présidente respecte cette décision, même si elle la regrette, et donc nous n’avons rien d’autre à ajouter sur ce sujet.“

Iwwert déi Prozedur awer gouf et vill Froen, zënter datt de Markus Pieper säin Arbechtskontrakt um Ouschtersonndeg ënnerschriwwen hat. Den Däitschen hätt normalerweis de 16. Abrëll säin éischten Dag op sengem neie Poste gehat.

Reproche vu Vetternwirtschaft

No Berichter an de Medie koum d’Haaptkritik aus dem Europaparlament: Den däitsche Gréngen Daniel Freund reprochéiert der Kommissiounscheffin Vetternwirtschaft. Et gouf nämlech zwou aner Kandidatinnen fir deen Job, déi allebéid besser ofgeschnidden haten.

“Markus Pieper hat das finale Auswahlverfahren auf dem letzten Platz abgeschlossen und das mit Abstand. Und trotzdem hat er den Job bekommen. Wie hat er das gemacht? Naja, er ist wie Ursula von der Leyen in der CDU.”

EU-Parlament hat nei Nominatioun gefrot

D’Parlament hat en Donneschdeg mat grousser Majoritéit eng Motioun vun de Gréngen, Sozialisten, a Liberale gestëmmt, an där d’Kommissioun opgefuerdert gëtt, d’Nominatioun réckgängeg ze maachen.

Déi awer huet direkt kloer gestallt, datt een dat net wëlles hätt.

Kritik koum och aus der Kommissioun selwer. Véier EU-Kommissären, dorënner den Nicolas Schmit, hu Prezisiounen iwwert d’Prozedur gefrot. De Lëtzebuerger EU-Kommissär hat am 100,7- Interview vun enger “obskurer” Prozedur geschwat (an de Reproche vun enger schlechter Gouvernance an de Raum gestallt.)

An dovun, datt de Futur-Chef vun deem Envoyé spécial, den EU Kommissär fir de Bannemaart Thierry Breton, deen dee Bréif och ënnerschriwwen huet, net doran involvéiert war.

Nicolas Schmit: “eng logesch Konklusioun”

Dem Markus Pieper seng Decisioun, den Job net unzehuele wier, sou de Nicolas Schmit op eis Nofro - “eng logesch Konklusioun an enger Prozedur, déi Defiziter hat”.

De Markus Pieper selwer awer attackéiert d’Kritiker ganz direkt op der Platform “X”. Den Thierry Breton hätt seng Nominatioun am Virfeld boykottéiert an de Poste wier aus parteipolitesche Grënn mëssbraucht ginn, sou den CDU-Politiker. Dofir geséich hie keng Méiglechkeet, d’Erwaardungen, déi doru geknäppt sinn, ze erfëllen.

Aneren Environnement no den Europawalen?

Déi Saach géif no den Europawalen mat de previsibelen neie Majoritéiten, anescht ausgesinn, schreift de Markus Pieper virun an engem Tweet.

Dee Saz werft Froen ob, zum Beispill déi, ob dann d’Besetze vun deem Poste vum Resultat vun de Wale beaflosst wäert ginn?

“Nee”, dat war gëscht d’Äntwert vum Chefspriecher vun der Kommissioun.

Dat nawell bis no de Wale soll gewaart ginn, ier déi Plaz nei besat gëtt, huet den Eric Mamer mam aktuelle Kontext, deen net entspaant wier, gerechtfertegt.

“Dofir ass et gutt bis no de Walen ze waarden, do wier mat engem besseren Environnement ze rechnen”.

De Kommissiounsspriecher huet net preziséiert, firwat dat genee sollt de Fall sinn.

Lauschterenplay_arrow