Radioen

On air

Concert Euroradio  |  Mozart, Beethoven a Mahler

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Okaju-Rapport huet "d'Fangeren an d'Wonne geluecht"

Reaktiounen aus der Chamber

Okaju-Rapport huet "d'Fangeren an d'Wonne geluecht"

Problemer, Lacunnen, Barriären: Dat ware Substantiven, déi d'Deputéiert gebraucht hunn, nodeems si de Joresrapport 2023 vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher presentéiert kruten. 336 Säiten huet dat Wierk, dat sech ënner anerem mam Accès fir Kanner vun 0 bis 12 Joer zu Dokterbehandlunge befaasst huet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chambres des députés

“D’Problemer, déi oppe geluecht goufen, waren net iwwerraschend fir mech.” Dat sot zum Beispill déi viregt Gesondheetsministesch Paulette Lenert iwwert de Rapport. Den Zougank zu Gesondheetssoine fir déi Jéngst an der Gesellschaft wier een Theema, op deem misst geschafft ginn, wann een un d’Zukunft denke géif.

“Wa mir wëllen eng nohalteg Gesondheetspolitik hunn, da musse mir grad bei de Kanner usetzen. An ech si ganz dankbar fir déi villschichteg Aarbecht, déi hei gemaach ginn ass, wou mir am Fong sämtlech Chantieren nach emol oppe geluecht kritt hunn."

Fir d’LSAP-Deputéiert misst ee kucken, wou mir stinn, eis an d’Ae kucken an Tatsaache wouerhuelen. Den Zougank zu eenzelnen Servicer wier schwireg, well d’Leit net wëssen, wouhin. Et bräicht een eng Zort zentral Informatiounsstell, bei där Leit eng Orientéierung kriten, fir keng onnéideg Zäit ze verléieren.

Marc Baum: Et gëtt sech e grousse Problem gezillt

An den Ae vum Marc Baum ass d’Gesondheetscouverture fir Jonker zu Lëtzebuerg en immense “Flickenteppich”, wou vill Saachen net fonctionéiere géifen. Zum Deel géif et nach Strukturen aus de 60er Jore ginn, déi op d’Defie vun haut äntwere sollten, a vill Lacunnen, soudatt vill Leit duerch d’Netzer fale géifen, constatéiert den Deputéierte vun déi Lénk.

“Krank Kanner vun haut sinn och krank Erwuessener fir muer. Dat heescht, do si mir amgaangen, eis e risegrousse Problem ze zillen. Dee Rapport ass an där Hisiicht exzellent, well e genau an all déi Wonnen d’Fangere geluecht huet.”

De Problem vun der Sproochebarriär

Den Tom Weidig dann huet d’Presentatioun vum Okaju-Rapport ganz strukturéiert fonnt, an et wiere ganz vill Problemer op den Dësch komm. Den ADR-Vertrieder huet an deem Kontext op d’Sproochebarriär verwisen.

"Eppes, wat eis ëmmer wichteg ass, ass, datt bei der Kannerklinik oft Kanner, déi Lëtzebuergesch als Mammesprooch hunn, halt Problemer hunn, mam Dokter ze kommunizéieren, well den Dokter nëmme Franséisch kann.”

Hei misst eng Léisung fonnt ginn, och mat de Pediateren, fir datt si mat de Kanner kommunizéiere kéinten.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Gesondheet
Politik
Politik a Gesellschaft