Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reaktiounen op d'Ried zur Lag vun der Natioun

Politik

Reaktiounen op d'Ried zur Lag vun der Natioun

Wéi bal ëmmer bei engem État de la Nation sinn d’Reaktiounen dorop ganz ënnerschiddlech gewiescht. Iwwerdeems d’Vertrieder vun de Majoritéitsparteie vun enger interessanter oder engagéierter Ried vum Premier geschwat hunn, hunn d’Oppositiounspolitiker fonnt, si wieren dobäi hongreg oder duuschtreg bliwwen. An de Reaktioune goung et an der Haaptsaach ëm d’Sujete Pensiounsreform, Arméisdepensen a Sozialdialog.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© Chambre des députés play_arrow
(Foto: Chambre des députés)

De Marc Spautz vun der CSV huet vu villen Annoncë geschwat, wéi zum Beispill bei de Pensiounen, wou elo eng éischt Richtung virgi gouf. Bis de Summer géife konkret Virschléi op den Dësch kommen, fir “dass do e Package ka geschnürt ginn". Esou kéint een dann de Pensiounssystem op déi nächst 15 Joer ofsécheren, esou de Marc Spautz.

Haaptsujet Pensioun

Fir de Gilles Baum ass et wichteg, d’Arméisdepensë méi séier wéi geplangt eropzesetzen. Iwwer Jore wier op deem Gebitt nämlech net genuch gemaach ginn. Wat d’Pensiounen ugeet, wiere fir de Juli méi Detailer ugekënnegt ginn. An den Ae vun der DP ass et awer wichteg, datt Leit, déi no un der Pensioun sinn, net vun der Reform betraff sinn.

"Bei deene Jonken ass jo och gesot ginn: D’Studentejore ginn net ugepak, d’Babyjore ginn net ugepak. Och dat si gutt Norichten."

Och der Taina Bofferding vun der LSAP ass opgefall, datt Leit, déi kuerz virun der Pensioun stinn, näischt soll geschéien.

 "Hien huet awer indirekt gesot, datt déi zukünfteg Generatiounen dann dierfe méi laang schaffe goen, well dat bedeit nämlech näischt anescht, wann een d’Cotisatiounsjoren - wann och progressiv - trotzdeem eropsetzt."

Domat géif de Generatiounevertrag net respektéiert ginn, a si wier net averstane mat esou sozialen Aschnëtter, betount d’Taina Bofferding.

déi gréng: Kee Wuert zum Naturschutz

D’Sam Tanson vun déi gréng dann huet betount, datt et beim Sozialdialog nach ëmmer onkloer wier, wat do komme géif. An och fir si bedeit a Saache Pensiounen, méi laang cotiséieren, méi laang schaffe goen.

"Wat heescht dat fir een, dee mat 18 Joer ugefaangen huet mat schaffen? Wat heescht dat fir een, deen eng penibel Aarbecht muss exercéieren? Gëtt do jiddereen iwwer dee selwechte Leescht geholl oder net?"

De groussen Ofwiesenden am État de la Nation war fir d’Sam Tanson iwwerdeems den Naturschutz.

Marc Baum: "Keng responsabel Politik" vum Premier

A senger Reaktioun op d’Ried zur Lag vun der Natioun huet de Marc Baum vun déi Lénk fonnt, dem Premier säi Bléck op déi lescht 12 Méint wier realitéitsfriem gewiescht. Am Titel vum État de la Nation op Stabilitéit ze verweisen, wier "e staarkt Stéck": D’lescht Joer wier nämlech gepräägt gewiescht vun Instabilitéit.

"Instabilitéit vun der Regierung aus. Mir hunn déi gréisst sozial Beweegung, déi sech am Moment amgaangen ass zu Lëtzebuerg zesummen ze dinn, op Grond vu Sozialkonflikter, déi vun der Regierung provozéiert gi sinn, eesäiteg. Doduerch, datt de Sozialdialog an d’Tripartite a Fro gestallt ginn ass an d’Regierung sech reng op d’Säit vum Patronat gesat huet. Dat ass Instabilitéit." 

Déi Instabilitéit hätt een och beim Management vum Caritas-Dossier gesinn, a bei Gesetzer fir beispillsweis d’Demonstratiounsrecht anzeschränken oder och nach de Platzverweis renforcé, esou de Marc Baum.

Donieft géif de Militärbudget an d’Luucht a missten d’Leit duerch d’Pensiounsreform méi laang schaffe goen. Dat wier eng Reform, déi op Käschte vun de jonke Generatioune wäert goen, esou de Marc Baum, fir deen dat definitiv keng responsabel Politik vum Premier ass.

 

Lauschterenplay_arrow