Radioen

On air

Notturno  |  Elliott Smith - Angeles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schraasseger Prisong: Méi Plaz, manner Tensiounen

UM BOLS - LËTZEBUERG VIRUN DE CHAMBERWALEN

Schraasseger Prisong: Méi Plaz, manner Tensiounen

Am Schraasseger Prisong waren zäitweis iwwer 700 Männer a Fraen agespaart, woubäi déi maximal Kapazitéit eigentlech bei 580 läit. Zanter der Ouverture vum Uerschterhaff zu Suessem sëtzen nach knapp 330 Prisonéier zu Schraasseg. Wéi huet sech dee Changement op de Schraasseger Centre Pénitentiaire auswierkt?

auto_stories

8 min

headphones

9 min

play_arrow
Foto: Marlène Clement

Am Schraasseger Prisong sëtzen zanter der Ouverture vum Uerschterhaff, viru gutt néng Méint, just nach hallef esouvill Gefaangener. Eng 250 Männer an Untersuchungshaft sinn am Ufank vum Joer vu Schraasseg an deen neie Centre Pénitentiaire op Suessem geplënnert. Eng absolutt Necessitéit fir de Prisong zu Schraasseg kënne méi human ze gestalten, wéi et am Gesetz vun der Reform vum Strofvollzuch virgesinn ass.

D‘Directrice vum Centre Pénitentiaire zu Schraasseg wierkt erliichtert. Viru gutt zéng Joer huet d’Joke Van der Stricht als Attachée de Direction am CPL ugefaangen. 2021 huet déi studéiert Kriminologin hei d‘Direktioun iwwerholl. Schonn e puer Méint no der Ouverture vum Uerschterhaff mierkt si an “hirem Gebai“ e groussen Ënnerscheed.

Hei sinn elo just nach déi Männer, déi hire Prozess schonn hanner sech hunn, also Condamnéierter. Fraen an Untersuchungshaft komme weider op Schraasseg. Dat sinn der awer net méi wéi eng Dosen. D’Frae maachen ongeféier zéng Prozent vun allen Prisonéier zu Schraasseg aus. Datt männlech Ugekloter a Condamnéierter elo geographesch getrennt sinn, wier en noutwennege Schrëtt gewiescht, betount d‘Joke Van der Stricht.

Déi Plaz, déi fräi gouf, gëtt genotzt fir Renovatiounsaarbechten ze maachen. A wou virdrun zwee Detenue sech eng Zell hu missen deelen, sëtzt elo just nach eng Persoun, erkläert d‘Joke Van der Stricht.

„Et ass net grouss hei. A wann ee sech da virstellt, datt ee sech dat zu zwee muss deelen, dann ass dat schonn hefteg.”

Zanter der Ouverture vum Uerschterhaff, sinn zu Schraasseg just nach hallef esouvill Gefaangener. | © Marlène Clement
Zanter der Ouverture vum Uerschterhaff, sinn zu Schraasseg just nach hallef esouvill Gefaangener. (Foto: Marlène Clement)

Net manner Personal

Am sougenannte P1, am neien Deel vum Prisong, deen 2002 a Betrib geholl gouf, sinn den Ament just nach 44 amplaz 130 Detenuen. Wann d’Renovatiouns-Aarbechte bis ofgeschloss sinn, sollen hei nach maximal 85 Better beluecht ginn, seet den Agent Pénitentiaire a Coordinateur des Régimes Gary Clement. Trotzdeem wäerten et och méi grouss Zelle mat zwee Better ginn, fir Detenuen, déi wëlle mat engem Kolleeg zesummeleien. Zil bleift awer, datt et keng Héichbetter méi soll ginn.

Méi Plaz, manner Tensiounen. Awer net manner Personal. Dat war der Direktesch vum Schraasseger Prisong wichteg.

Zanter Abrëll ginn et zu Schraasseg och zwou Zelle fir Visitten ouni Iwwerwaachung, vun enger hallwer Stonn bis zu enger Stonn. Eng Zell fir Visitte mat Kanner an eng Zell mat engem Bett, déi dacks fir méi intim Momenter genotzt gëtt. Eleng tëschent Abrëll an August gouf dës Zell 158 Mol genotzt.

Geplangt ass d’Besuchs-Méiglechkeete fir Famillen a Partner nach weider auszebauen, erkläert de Serge Legil, Direkter vun der Prisongsverwaltung. Geplangt wier et, Openthalter bis 72 Stonnen ze erméiglechen.

„An dat muss natierlech ganz anescht agencéiert ginn, wéi elo déi Zellen hei eng Stonn, zwou Stonnen, gell. Dat ass awer an de Pläng mat dran. Dat muss ee méi no bei der Mauer maachen, fir datt d‘Visiteuren net mussen duerch de ganze Prisong goen, dat muss ofgetrennt si vum ganze Rescht, do muss ee klenge Gaart dobäi sinn an hei an do, et muss kannergerecht sinn.”

D'Méiglechkeete fir Visitte solle weider ausgebaut ginn. | © Marlène Clement
D'Méiglechkeete fir Visitte solle weider ausgebaut ginn. (Foto: Marlène Clement)

200 Aarbechtsplaze fir Detenuen

Zil wier en Normaliséieren an Individualiséieren am Strofvollzuch, betount de Serge Legil. Dozou gehéiert och d‘Schaffen am Prisong. Zu Schraasseg ginn et eng 200 Aarbechtsplaze fir Detenuen. Dat geet vum Kachen, iwwer Bicher bannen, bis hin zu Reparaturen oder Ustrach-Aarbechten am Prisong. Déi meescht fänken um 8 Auer moies un.

Fir 69 Detenuë geet et schonn éischter lass. Um 07:20 Auer gëtt an der interner Buanderie Centrale, besser bekannt als Spidols-Wäscherei ugefaange mat schaffen. Ongeféier aacht Tonne Wäsch ginn hei all Dag fir d‘Spideeler a Fleegeheemer gewäsch, erzielt de Fränk Stelmes, Preposé adjoint vun der Buanderie Centrale.

„Wou ech och oft den Hutt zeie virun de Jongen dobannen. Si schaffen am Summer dobanne bei iwwer 40 Grad. Aus Sécherheetsgrënn ass et net méiglech dobannen eng Klimaanlag ze installéieren, wéinst Brandgefor mat Stëbs a sou weider. Mee trotzdeem sinn d‘Jonge motivéiert all Dag ze kommen.“

Hei gëtt et nämlech 1 Euro d ‘Stonn méi wéi an deenen aneren Atelieren. Bis zu 800 € kann een Detenu hei verdéngen, wann ee gutt schafft. Net genuch fannen Organisatiounen, déi sech fir d’Rechter vun den Detenuen asetzen. 

Zu Schraasseg ginn et eng 200 Aarbechtsplaze fir Detenuen. | © Marlène Clement
Zu Schraasseg ginn et eng 200 Aarbechtsplaze fir Detenuen. (Foto: Marlène Clement)

Méi Mateneen

Kritik gëtt et doriwwer eraus un de Konditioune fir d‘Fraen am Prisong. Scho virun e puer Joer hat d’Ombudsman Claudia Monti, déi jo och fir d‘Iwwerwaachung vun zouenen Anstalte verantwortlech ass, an engem Rapport d‘Fräizäit-, Formatiouns- an Aarbechtsoffer fir Fraen am Prisong kritiséiert. 

Bis viru Kuerzem haten d‘Fraen zu Schraasseg zum Beispill nach manner Fitness-Méiglechkeete wéi d‘Männer, erzielt de Serge Legil. Zanter der Ouverture vum Uerschterhaff wier dat anescht, verséchert den Direkter vun der Prisongsverwaltung. Den Haff an den Openthaltsraum wieren zum Beispill elo mat Fitnessgeräter equipéiert ginn. Och an de Buedzëmmere wier ëmgebaut ginn.

Déi ganz Ëmbauaarbechte sinn awer just provisoresch. Bis 2037 soll zu Schraasseg an Etappen e fonkelneie Prisong entstoen. Geplangt wier ënner anerem de Prisong méi opzemaachen. A vun der Sécherheetsstuf zwee op dräi ze goen, erkläert de Serge Legil vun der Prisongsverwaltung. Dat heescht, no bausse wier alles zou, mee no banne soll eng gréisst méiglechst Beweegungsfräiheet bestoen.

„Et ass méi ee Mateneen, wéi een Niewenteneen. Dat heescht d‘Konditiounen dobanne sollen dans la mesure du possible sech sou wäit änelen wéi deenen dobaussen, fir datt d‘Leit, wa si rauskomme besser eens ginn. Wann dobannen eng komplett aner Welt ass, däerfe mer net erwaarden, datt se eens ginn, wa si rauskommen.“

An Zukunft soll no bannen eng gréisst méiglechst Beweegungsfräiheet bestoen. | © Marlène Clement
An Zukunft soll no bannen eng gréisst méiglechst Beweegungsfräiheet bestoen. (Foto: Marlène Clement)

Vill Ëmbauaarbechten ëmsoss?​

Fir dat ëmzesetze brauch ee Plaz. Dofir soll de Schraasseger Prisong vun aktuell 98.000 Metercarré op 134.000 Metercarré ausgebaut ginn. Dat gréisst Gebai, dat d’Bâtiment public bis elo gebaut huet, betount de Serge Legil. Op wéi vill sech d’Käschte belafen, wollt hien awer net soen. Alles wat elo am CPL renovéiert oder ëmgebaut gëtt, muss dann nees ofgerappt ginn. Dat hält d’Joke Van der Stricht awer net dovunner of weider Ëmbau- a Renovatiounsaarbechten an hirem Gebai unzegoen.

„Et si vill Chantieren, déi lafen, a vill Saachen, déi mir och elo verbesseren, wuel wëssend, datt déi vläicht a puer Joer schonn ofgerappt ginn. Mee déi Joren do, hunn déi Leit, déi hei sinn, awer konnten dovunner profitéieren.“

Enn des Joers sollen d’Pläng vum neie Prisong zu Schraasseg duerch d‘Commission d’analyse critique. Bis déi definitiv Aarbechte lassginn, kéint et awer nach sechs Joer daueren, schätzt den Direkter vun der Prisongsverwaltung.

Lauschterenplay_arrow