Radioen

On air

Notturno  |  Asher White - Skate Park Anthem

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz Bréifwal: Keng Extra-Efforte bei der Post néideg

Chamberwalen 2023

Trotz Bréifwal: Keng Extra-Efforte bei der Post néideg

Trotz enger Rekordzuel vun iwwer 70.000 Walberechtegten, déi Bréifwal fir d’Chamberwalen 2023 ugefrot hunn, sinn dës Woch bei der Post keng Extra-Efforten néideg. Fir de Centre de Tri vun der Post wier dat näischt Spezielles, fir dat Ganzt “gutt a propper” ze verdeelen, esou op eis Nofro hin de Chef vum Zenter David Badois.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Eng Post-Bréifkëscht (Foto: Sarah Muller)

Lauschterenplay_arrow

Fir datt d’Walziedele vun der Bréifwal awer mat Zäiten an d’Walbüroe kënne geliwwert ginn, mussen dës Dokumenter bis spéitstens ee Freideg den Owend bei der Post ukommen.

Ronn ee Véierel vun de bal 284.000 Walberechtegten hunn dës Kéier d’Bréifwal ugefrot. Fir de Walziedel zeréck ze schécken, ass also nach bis dëse Freideg Zäit, erkläert den David Badois vun der Post.

"Op all Bréifkëscht steet eng lescht Levée an do muss d’Auerzäit agehale ginn. Dat heescht, wann elo eng Boîte um 12 Auer gehoff gëtt, ma da muss de Courrier oder de Walziedel bis 12 Auer an déi Boîte agehäit ginn, well duerno gëtt d’Boîte eréischt Samschdes oder Méindes gehoff."

Wieler iwwerall op der Welt

Déi ronn 6.400 Bréifwieler am Ausland, géife ronderëm déi ganz Welt liewen, seet de Chef vum Centre de Tri vun der Post. Bis wéini si hire Walziedel mussen ageheien, fir datt e mat Zäiten ukënnt, wier ganz ënnerschiddlech. Wa beispillsweis ee Wieler säi Walziedel a Brasilien agehäit, da muss hien déi brasilianesch Post froen, wéi laang säi Bréif bis op Lëtzebuerg brauch.

All d'Enveloppen déi bis de Freideg um zéng Auer owes am Centre de Tri sinn, ginn traitéiert

All Enveloppë mam Walziedel, déi bis de Freideg den Owend um zéng Auer owes am Centre de Tri vun der Post ukommen, géifen nach verschafft ginn, an dann um Walsonndeg fir spéitstens zwou Auer mëttes an déi verschidde Walbüroe bruecht ginn, esou den David Badois.

Dofir wier eng extra Organisatioun opgebaut ginn. De Sonndeg de Moie fuere Mataarbechter aus den néng Post-Zenteren op all Walbüro.

All Enveloppen, déi scho virdrun ukommen, géife bis ee Sonndeg bei der Post stockéiert ginn.

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Politik
Politik a Gesellschaft