Op d’mannst zéng Persoune si bei dësen Attacken op Kiew ëm d’Liewe komm. Wéinst dësem Ugrëff, wëllt de Selenskyj seng Visitt a Südafrika verkierzen.
Trump: Eenegung tëschent Russland an USA
Russland an d’USA solle sech op d’Konditioune fir ee méiglecht Enn vum Krich an der Ukrain gëeenegt hunn, sot den US-President Trump. Elo misst een den ukrainesche President Selenskyj iwwerrieden, déi ouni d’Ukrain verhandelt Konditiounen ze akzeptéieren.
D’USA ënnerstëtzen d’Maximalfuerderunge vum russesche President Putin.
D’Ukrain misst dofir awer ënner anerem op déi schonn 2014 vu Russland annexéiert Hallefinsel Krim verzichten. Doriwwer eraus kéint Russland dem Fridden nëmmen zoustëmmen, wann d’Ukrain all hir Truppen aus deene russesch besate Gebitter géif ofzéien. Dat sot ee Spriecher vum Kreml am Interview mat der franséischen Zeitung “Le Point”.
Russland kéint domat déi Territoire behalen, déi Moskau zënter dem Krich kontrolléiert. Dat si ronn 20 Prozent vum ukraineschen Territoire, esou d’Noriichtenagence AFP.
Den US-Vizepresident JD Vance huet ugedeit, datt Russland am Géigenzuch déi aktuell Frontlinnen afréiere kéint. US-Medien no misst d’Ukrain och op eng NATO-Memberschaft verzichten.
Drock vum US-President
Den Donald Trump setzt d’Ukrain elo ënner Drock. Kiew géif de Krich selwer an d’Längt zéien, sot den US-President am Oval Office. Dem ukrainesche President Selenskyj géif mat sengen Aussoen, keen Territoire u Russland wëllen ofzetrieden, provozéieren an d’Friddensverhandlunge blockéieren.
D'USA wieren der Meenung, een Accord mat Russland fonnt ze hunn, deen d’Enn vum Ukrainkrich kéint bedeiten. Den Donald Trump seet, hien hätt ursprénglech gemengt, et wier méi einfach mam ukrainesche President ze verhandelen.
An Europa gesäit een déi neisten Entwécklunge kritesch. Wärend et gëschter um Mëttwoch bei Verhandlungen op Beroder-Niveau zu London ouni d’USA net zu konkrete Resultater koum, ass den NATO-Generalsekretär Rutte ënnerwee op Washington, fir d’Friddensbeméiunge weider ze féieren.