Radioen

On air

Tockcity  |  Kokoroko - Sweetie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verhale vum Kardinol an der Caritas-Affär wërft Froe bei der Oppositioun op

Caritas-Affär

Verhale vum Kardinol an der Caritas-Affär wërft Froe bei der Oppositioun op

Verschidden Oppositiounsdeputéiert äussere sech kritesch iwwer d'Verhale vum Jean-Claude Hollerich an der Caritas-Affär, nodeems de radio 100,7 reveléiert huet, datt de Kardinol am Krisemanagement no der Finanzfraude bei der ONG eng méi aktiv Roll gespillt huet wéi vun him duergestallt. Deputéiert vun LSAP, déi gréng an déi Lénk kritiséieren, de Jean-Claude Hollerich hätt net d'Wourecht gesot an hien hätt seng eege Karriär iwwer d'Interessie vu Leit an Nout gestallt.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

De Kardinol Jean-Claude-Hollerich. | © picture alliance / ipa-agency | ALESSIA GIULIANI play_arrow
De Kardinol Jean-Claude-Hollerich. (Foto: picture alliance / ipa-agency | ALESSIA GIULIANI)

D'Oppositioun reagéiert domat op e puer Revelatiounen aus dem 100,7-Doku-Podcast: Engersäits gouf opgedeckt, datt de Kardinol direkt am Juli 2024 an d'Krisegestioun bei der Caritas agebonne war. Anescht also wéi vum Jean-Claude Hollerich ëffentlech am September 2024 an engem RTL-Interview duergestallt.

Marc Baum: Ech si schockéiert

Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard mengt, och d'Vertrieder vun der Kierch hätten an der Caritas-Spezialkommissioun net alles gesot.

"Dat bestätegt duerchaus déi Pist, datt d'Kierch hei net involvéiert gouf, mee datt si sech ganz bewosst hei erausgeholl huet. An dat ass natierlech e Virworf, deem sech d'Kierch elo muss stellen."

De lénken Deputéierte Marc Baum äussert sech däitlech zu deem Virworf.

"Ech muss éierlech soen, datt ech schockéiert sinn doriwwer, well de Kardinol huet dann zumindest d'Ëffentlechkeet un der Nues ronderëm geféiert, fir net ze soen, datt hie gelunn huet. Oder zumindest huet hien net déi ganz Wouerecht gesot. Wann ee probéiert, e Krisemanager selwer anzesetzen an der Form vum Erny Gillen, dann hëlt ee selwer e ganz groussen an direkten Afloss op de Krisemanagement."

De Marc Baum schwätzt déi zweet Revelatioun un: De fréiere Generalvikar Erny Gillen seet am Zeenewiessel-Podcast, hie wier vum Kardinol am Juli 2024 gefrot ginn, d'Krisegestioun bei der Caritas ze iwwerhuelen, hätt awer ofgeleent, well him kloer gewiescht wier, datt de Bistum d'Caritas géif faleloossen.

Kee Kommentar vum Spezialkommissioun-President

De Jean-Claude Hollerich hätt hei am Kontext vu sengen Aufgaben an der Kierch zu Lëtzebuerg an an der Welt iwwerluecht, esou dem Erny Gillen seng Conclusioun. De Marc Baum seet dozou, dann hätt de Kardinol wéinst senger Karriär eng vun deene gréisste sozialen Entitéiten op d'Spill gesat. Änlechen Tenor bei der LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding:

"Mat deem Podcast gëtt elo nach wesentlech méi kloer, datt eegen Interessie schéngen ze dominéieren, grad och elo bei der Kierch schéngen net d'Mënschen am Mëttelpunkt ze stoen."

De President vun der Spezialkommissioun, den CSV-Deputéierte Charel Weiler, wëllt sech net par Rapport zu den neien Informatiounen äusseren. Hie seet awer, den 100,7-Podcast wier och wichteg fir d'Aarbecht vun der Spezialkommissioun, well déi nei Elementer kéinte mat an d'Reflexioune vun den Deputéiert iwwerholl ginn.

 

Lauschterenplay_arrow