Radioen

On air

Notturno  |  Aaron Abernathy - I Want You Again

play_arrow Live
search

/ Wéinst Prozedurfeeler: Urteel géint Harvey Weinstein gouf opgehuewen

USA

Wéinst Prozedurfeeler: Urteel géint Harvey Weinstein gouf opgehuewen

Zu New York huet e Geriicht dat historescht Urteel géint den Harvey Weinstein wéinst Sexualverbriechen opgehuewen. Den 72 Joer ale fréieren Hollywood-Produzent war 2020 wéinst ville Fäll vu sexuellen Iwwergrëffer, Vergewaltegungen a Belästegung verurteelt ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Pacific Press | Lev Radin
Foto: picture alliance / Pacific Press | Lev Radin

Mat deem Prozess huet d‘MeToo-Beweegung sech weltwäit verbreet. Zanter 2017 hunn iwwer 80 Fraen de Weinstein ëffentlech ugeklot.

D‘Riichter hu ganz iwwerraschend haut dem Harvey Weinstein säin Appell ugeholl. Dat well et am Prozess Prozedurfeeler ginn hätt.

De Weinstein war zu 23 Joer Prisong verurteelt ginn a sëtzt am Moment am US-Staat New York am Prisong. An engem weidere Prozess zu Los Angeles waren nach emol 16 Joer dobäikomm.