Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Christina Rodrigues - Back Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zesummeliewe musse mir all aktiv gestalten

Fräie Mikro

Zesummeliewe musse mir all aktiv gestalten

Den 1. Januar 2024 trëtt dat neit Gesetz iwwer d‘interkulturellt Zesummeliewen a Kraaft. E Gesetz, mat deem den Zesummenhalt an eiser multikultureller Gesellschaft gestäerkt soll ginn. Mee ee wierklecht Zesummeliewe muss ee léieren, an do ginn et nach eng Partie Chantieren, fënnt d’Laura Zuccoli am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Dem STATEC no ass eis Populatioun tëscht 2011 an 2021 virun allem wéinst der Immigratioun em 25.7 % geklomm. 73,7 % vun allen Awunner hu mëttlerweil e Migratiounshannergrond, 2011 waren dat nëmmen 61,2 % vun der Bevëlkerung. Eng Lëtzebuerger Leetkultur, also eng homogen lëtzebuergesch kulturell Basis, déi Populisten ëmmer erëm a Gefor gesinn, besteet also definitiv net méi - wann et se da jee gouf! D'Gesetz iwwert d'interkulturellt Zesummeliewe soll nei Perspektiven opmaache mat enger Rei Instrumenter, ënner anerem de Biergerpakt vum Zesummeliewen.

Eng Lobby fir Zesummeliewen

De Biergerpakt soll an Zukunft och vu Lëtzebuerger a vu Frontalieren ënnerschriwwen an esou zu engem Instrument vun der breeder Biergerbedeelegung ginn. D'Gemenge kennen iwwer dee Wee dat lokaalt Veräinsliewen dynamiséieren, déi politesch a gesellschaftlech Participatioun fërderen an eng Lobby fir d'Zesummeliewen opbauen.

Datt de Biergerpakt och fir Frontalieren zougänglech ass, kann hëllefen, d'Zougehéiregkeetsgefill zur Lëtzebuerger Gesellschaft vun den iwwer 200.000 Mënschen ze verbesseren, déi all Dag aus dem Ausland op Lëtzebuerg schaffe kommen. Allerdéngs dierf dat net op Käschte vum sozialen Zesummenhalt an de franséischen, belschen an däitsche Gemenge goen - grenziwwerschreidend Solidaritéit a Kooperatioun ass hei méi wéi jee gefrot. Dofir musse Gemengen de Biergerpakt awer anstänneg promouvéieren an esou hir Interessen um Zesummeliewe beweisen.

Kee Wuert iwwer Interkulturalitéit am Plan d'Etudes fir de Fondamental

Dat solidarescht an intresséiert Zesummeliewen an eiser multikultureller Gesellschaft geet net vum selwen, dat muss ee léieren, am beschte schonn an der Schoul. Am Wäissbuch fir den neie Plan d’Etudes 2025 fir de Fondamental, dat kierzlech verëffentlecht gouf an dat d'Grondkompetenze vun eise Kanner an der Schoul vu muer thematiséiert, steet awer kee Wuert iwwert Interkulturalitéit. As dat normal? Eist Schoulwiese muss dach seng Responsabilitéit zum Zesummeliewen an eiser multikulturell Gesellschaft bäidroen.

E Gesetz vum Zesummeliewe kann nëmme funktionéiere wa mer matenee kommunizéiere kënnen. Dofir muss massiv a Sproochecoursen, a Sproochpraxissen, a professionell a benevole Iwwersetzungsdéngschter, an an Technologien investéiert ginn, déi eis villsproocheg Kommunikatiounen op Gemengenniveau erméiglechen oder vereinfachen.

Diversitéit als Räichtum erliewen

De STATEC schreift iwwert de Sproochgebrauch zu Lëtzebuerg, datt Zuel vun de Leit, déi soen, Lëtzebuergesch wier hir éischt Sprooch vu 55,8 % op 48,9 % zréck gaangen ass. D‘Franséischt an d’Englescht dogéint huelen zou an 33 % vun de Awunner beherrsche keng vun eisen 3 Landessproochen.

Mam Zesummeliewensgesetz soll all eenzele Bierger, deen hei wunnt oder schafft, Diversitéit als Räichtum, an net als Bedroung erliewen. D‘Bewosstsi vun enger kollektiver Responsabilitéit fir e friddlecht a solidarescht Zesummeliewen op nationalem, kommunalem an individuellem Niveau soll ugestrieft ginn. An Zukunft soll Fro net sinn „Vu wou kënns du hier?", mee „Wou gi mer zesummen hin?". Mäi Wonsch fir dat Neit Joer.

Lauschterenplay_arrow