Bewosst Gesond
Preventioun Broschtkriibs
4 min
Et ass u sech e ganz einfache Geste, an awer di mer eis heiansdo schwéier domat: D'Oftaaschte vun der Broscht. Ass et well mer et vergiessen oder fir net wichteg empfannen? Oder verdränge mir dës Gedanken ganz einfach, well mir eis net wëlle mam Theema Broschtkriibs ausenanersetzen, esou laang mir eis gesond fillen?
D'Marlène Clement huet mat der Mariette Fischbach, Presidentin vun Europa Donna, geschwat. D'Associatioun, déi sech zanter 20 Joer am Kampf géint de Broschtkriibs asetzt, huet viru Kuerzem eng Sensibiliséierungscampagne zum Theema Oftaaschte lancéiert.