De Projet vum Batteur Gerald Cleaver, dem Bassist Kevin Ray, dem Multinstrumentalist Scott Robinson an dem Pianist Matthew Shipp, déi d'lescht Woch den Album "No Subject" bei Mack Avenue erausbruecht hunn.
Dës véier Museker bilden ee visionäre Kollektiv, dee Musek fir d'21. Joerhonnert ofliwwert. Well wa fräi improviséiert Musek fréier bedeit huet, datt d'Museker fräi, am renge Sënn vum Wuert, Musek kreéiert hunn, Musek, déi all Normen iwwer Bord geheit huet, mat Bashes, Growls a gebrachen Harmonien, esou huet sech dat rezent Free Playing an e anert Béischt entwéckelt. Et ass nach ëmmer schlagfäerdeg an in your face, mee et sicht, am Contraire zu fréier, bewosst no enger Form.
Entdeckt zesumme mam Stefano Agostini dëse Coup de Coeur.