De Caetano Veloso an de Gilberto Gil, déi mam CD "Two friends - One Century of Music" 50 Joer Frëndschaft zelebréieren, goufen Enn den 1960er als Leader vum brasilianesche Konschtmouvement Tropicalia bekannt. Tropicalia kann a senger einfachster Form als e Pot-Pourri vun allen méigleche brasilianesche Genrë gesi ginn. Virun allem awer huet de Mouvement duerch seng Oppenheet fir all Genre erausgestach, woubäi sech populär Musek mat Avantgarde a psychedeleschem Rock gemëscht hunn. De Stefano Agostini begleet Iech duerch d'Sendung.
arrow_back_ios
Jazz Ahoi
Two friends - One Century of Music
headphones
60 min
Lauschteren
play_arrow