Genee virun enger Woch (2.3.23) huet ee vun de leschte grousse Meeschter vum Jazz dës Welt verlooss. De Wayne Shorter war een exzeptionelle Museker a Komponist an hien huet iwwer Generatioune Museker uechtert d'Welt inspiréiert an encouragéiert.
De Stefano Agostini kuckt op dem Shorter seng 20 lescht Joer an op d'Wierk, dat hie mat sengem leschte Quartett a sengem musikaleschen Indian Summer erschaaft huet.
Lauschtert de Genuddels a Gejiips, an deem dem Wayne Shorter säi Schafen a seng Musek vun den Ufäng an de spéide 1950er bis an d'1980er gekuckt gëtt.