Radioen

On air

De Moien  |  Raveena - Pluto

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ In Between Thoughts ... A New World

In Between Thoughts ... A New World

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Et gëtt keng Reegel, déi zum Gléck féiert, suggeréiert den Arthur H op sengem neien Album "La Vie". Et wier de Moment, deen zielt, genéiss en!

Dem Farees säi Konzept-Album "Border Patrol", dee sech mat der spezieller Situatioun op de Grenzen ausenanersetzt, ass e Protest-Song vun haut mat engem eenzegaartege Stil: eng Zort African-Spoken-Electric - Blues-Rock.

"D'Musek ass d'Waff vun der Zukunft" hat de Fela Anikulapo-Kuti gesot. De Museker, deen 1938 am Nigeria op d'Welt koum, gouf zanter den Enn 70er Welt bekannt mat sengem Afrobeat a politeschem Engagement. Nach bis den 11. Juni ass eng Expo zu Paräis an der Cité de la Musique vun der Philharmonie ze gesinn, wou Dir an dem Artist säin eenzegaartegen Universum andauche kënnt.

De Klang vu Westafrika vun den Enn 70er an ufanks 80er Joren, hei mat Touré Kunda, Osibisa an dem mytheschen Orchestra Baobab aus Senegal.

De mexikanesche Gittaren-Duo Rodrigo y Gabriela huet wéi vill aner Artisten och vum Confinement profitéiert, fir nei Lidder ze schreiwen. Elo ass deen neien Album do: "In Between Thoughts ... A New World".

An der Terminologie vun der Gabrielle Roth hire fënnef Beweegungsmusteren ass dem Westbam säi "Kick It Like a Sensei" de perfekte Sound fir e Staccato ...

Playlist:


Arthur H - La route - LA VIE
Souad Massi - Mirage (feat. Piers Faccini) - Sequana
Farees - The Changing of the Guard - Border Patrol
Fela Kuti - You No Go Die...Unless - Na Poi
Orchestra Baobab - Dée Moo Wóor - Specialists In All Styles
Osibisa - Welcome Home - Black Magic Night (Live) [Live at the Royal Festival Hall]
Toure Kunda - Emma - Paris Ziguinchor (Live)
Rodrigo y Gabriela - Descending To Nowhere - In Between Thoughts...A New World
Iggy Pop - My Animus (Interlude) - EVERY LOSER
Westbam - Kick It Like a Sensei (feat. Lil Wayne) - Götterstrasse (Deluxe Edition)
Woodkid - I Love You - The Golden Age




Musek

Episoden

headphones

56 min

play_arrow

Man in Black

E Virgeschmaach op nei Disken di sech ukënnegen dorënner e posthumen Album vum Johnny Cash. Singer-Songwriting, Soul, Psychedelia a Musek fir ze chillen…
headphones

56 min

play_arrow

Back To Black

Nei-Verëffentlechungen, e Retour an d’70er, an eng Film-Musek di beréiert.
headphones

61 min

play_arrow

Hymne au soleil

Artiste mat engem ganz eegenen Universum, engagéiert Museker fir d’Mënscherechter an d’Natur an e bësse psychedeelesche Feeling ass derbäi, notamment aus Australien.
headphones

56 min

play_arrow

La Rata Bluesera

Blues aus Chile, Spaghetti-Western Feeling an e klenge Retour an d’80er
headphones

56 min

play_arrow

Métissage

Och d’Emissioun dës Kéier verdäitlecht nees, wéi räich den Austausch tëschent de Kulturen an der Musek ass.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2024

Reggae Feeling, e Meeschterwierk, dat net Vergiessenheet gerode soll an en neien Album mat 60es Feeling
headphones

56 min

play_arrow

It Must Change

Musek aus der Sahel-Zon, déi op d’Onofhängegkeetsbestriewunge vun den Touareg opmierksam mécht, eng nei Stëmm am Beräich vun der Soul an e puer cool Lidder
headphones

61 min

play_arrow

Beats and Songwriting

E bësse Punk aus de 70er, Blues, R&B a Roots Musek …a schéi Stëmmen
headphones

56 min

play_arrow

Sparkles

Irresistibel Kläng aus Brasilien, sprëtzeg Metissagen an Traditiounen zäitgenëssesch interpretéier
headphones

57 min

play_arrow

in the mood of…

Hafestied an hir Influenz op d’Musek, e Retour bei den ‘Trip Hop’ aus den Ugangs 90er, e jonkt Nowuess Talent an e längeren Openthalt an der Belsch.
headphones

55 min

play_arrow

Together

Grenzen existéieren an der Musek kaum nach, de weltwäiten Austausch an di géigesäiteg Beräicherung di an eiser ‘globaler Zäit’ méiglech ass brénge spannend an inspiréiert Kläng ervir...
headphones

56 min

play_arrow

The Soul of the Blues

De Blues ass e Styl deen ëmmer wëllkomm ass. Haut kennt en aus Kanada, Amerika an aus Mali
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Den afrikaneschen, australeschen an den europäesche Kontinent treffen dës Kéier zesummen. D’Influenze weisen ëmmer erëm dorops hin, datt d’Musek an d’Kreativitéit keng Beréierungsängschten a keng Virurteeler kennt.
headphones

56 min

play_arrow

Surprises

Singer-Songwriter, déi beréieren, politesch engagéierte Spoken Word, eng Pärel aus de 70er, Kammermusek a schéi Stëmmen, an e Mann, dee sech Coyote nennt ...
headphones

56 min

play_arrow

Rar Pärelen

Lauter Decouverten an nei Disken, esou munch (nach) onbekannten Nimm a virun allem Museken, déi beréieren …
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Spannend Decouverten, nei Verëffentlechungen, e Soul-Outfit, dee fein Arrangementer an Orchestratioune erklénge léisst, an eng jonk Artistin, déi keltesch Influenzen an d’Zäit vun haut katapultéiert.
headphones

56 min

play_arrow

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

0 min

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

57 min

play_arrow

Best of 2023

Nei Nimm, bekannte Solo-Artisten, déi fruchtbar Kollaboratiounen aginn a Soundtüftler, déi mat oppenen Oueren duerch d’Welt reesen.
headphones

57 min

play_arrow