"Wie bei dësem Concert dobäi ass, erlieft de Beethoven net als groussen Titan, mee als sensibele Komponist. Eng seele Säit vum Beethoven. A wie vun him a senger Musek virdrun nach guer näischt héieren huet, dee versteet, wat et mam grousse Komponist op sech huet." Dat seet de Michael Töpel. Deen däitsche Komponist a Musekswëssenschaftler hat dëse Concert am Mäerz 2024 am Kader vum Festival Musek am Syrdall initiéiert.
Programm:
Ludwig van Beethoven (1770-1827):
- Ich bin der Schneider Kakadu op.121a
- Schottische Lieder op.108
- Trio a Sib Majeur, op.1 Gassenhauer Trio
- Lieder verschiedener Länder WoO 158a
- Auld Lang Syne
Interpreten:
- Amis du Chant Luxembourg
- JAC Trio
Dëse Concert kënnt Dir nach bis den 8. Juni 2025 an eiser Mediathéik nolauschteren.