Radioen

On air

Notturno  |  Maz Univerze - Nightmare

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eventuell "nei Schwieregkeeten" bei der Tramslinn tëschent der Stäreplaz an dem CHL

Wéinst Terrainen op der Areler Strooss

Eventuell "nei Schwieregkeeten" bei der Tramslinn tëschent der Stäreplaz an dem CHL

Beim Bau vun der Tramslinn iwwer d’Areler Strooss kéinten et “nei Schwieregkeete” ginn. Domat rechent déi Stater Buergermeeschterin Lydie Polfer. Dat, well et op der Areler Strooss Terraine ginn, déi weder dem Staat, nach der Gemeng gehéieren. Mee wat sinn d'Alternativen?

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Tram | © picture alliance / Harald Tittel / dpa play_arrow
Foto: picture alliance / Harald Tittel / dpa

D'Lydie Polfer schwätzt vun engem “Paradigmewiessel”, well fir de Bau vun der Streck vum Tram tëschent der Stäreplaz an dem Centre Hospitalier déi néideg Terrainen op der Areler Strooss dem Staat oder der Gemeng net gehéieren.

"Wann ee sech net eens gëtt, ginn et nei Schwieregkeeten"

Datt den CHL op der Areler Strooss beschtméiglech ugebonne gëtt, wier ganz wichteg, ënnersträicht d’Lydie Polfer. Dat am Kontext vun der Ukënnegung, datt d’Erweiderung vum Tramsreseau mat der Linn tëschent der Stäreplaz an der Klinik eng vun de Prioritéiten ass.

"Wa mir den Tram an der Surface wëlle fuere loossen, do brauche mir dann Terraine vu Privatleit, déi do lénks a riets wunnen. Mir sinn an engem Rechtsstaat an da muss ee sech entweder eens ginn, oder wann ee sech net eens gëtt, jo da wäert dat eng nei Schwieregkeet sinn."

Wat sinn d'Alternativen?

Am zweete Fall géifen et och “aner Léisunge” ginn, kënnegt déi Stater Buergermeeschterin un, ouni awer elo scho wëlle ganz konkret ze ginn.

"Et ass elo nach net de Moment fir dat ze kucken. Déi flottste Léisung ass, fir den Usager, natierlech op der Uewerfläch ze fueren. Mee da brauch een ebe genuch Plaz. Et ginn och Pläng wou op verschiddene Plazen e Souterrain ugeduecht ass."

Fir d’Tramslinn iwwer d’Areler Strooss sollen den nächste Mount déi néideg Ëmweltprozedure lancéiert ginn. Dee Moment kréich ee schonn een Iwwerbléck, wéi et mat eventuelle Reklamatiounen ausgesäit, esou nach d’Buergermeeschterin.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Mobilitéit
Politik