Radioen

On air

De Weekend  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng zweet Tramslinn duerch d'Uewerstad

Mobilitéit

Keng zweet Tramslinn duerch d'Uewerstad

Am Kader vun der Presentatioun vum néie Mobilitéitsplang fir déi nächst zéng Joer huet de Stater Schäfferot matgedeelt, datt eng zweet Tramslinn duerch d’Uewerstad fir de Moment net realiséiert wäert ginn. Aner Linnen hätte Prioritéit.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Dobäi geet et ëm Tramslinn, déi vum Kierchbierg um Rond-point Schuman no lénks laanscht de Pescatore an iwwer de Boulevard Royal op d’Stäreplaz sollt fueren. Dëst war awer alles eréischt op Nofro hi vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer an dem Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt gewuer ze ginn.

D'Linn Cloche d'Or - Stäreplaz huet Prioritéit

De fréiere Mobilitéitsminister François Bausch hat fest un deem Tracé festgehalen. Ouni dee kéint den aktuellen Takt vun all dräi Minutten net bäibehale ginn, wann déi scho confirméiert zweet Linn fir de Kierchbierg a Betrib geholl gëtt.

D’Linn duerch d’Uewerstad, an och d’Linn iwwer d’Areler Strooss a Richtung CHL, hätten am Moment keng Prioritéit, seet d’Lydie Polfer. Prioritär gesäit si d’Streck tëschent der Cloche d’Or an der Stäreplaz.

Wieren d'Awunner vum Kierchbierg oder Lampertsbierg benodeelegt?

No den Analys vu Luxtram hätt sech erginn, datt den Deel bei der Porte Neuve - wou et vun der Uewerstad op de Boulevard Royal geet - ze schmuel wier, fir do eng zousätzlech Tramspuer ze bauen. Eng Optioun vum fréiere Mobilitéitsminister François Bausch wier gewiescht, eng Spuer fir d’Autoen ewechzehuelen.

De Patrick Goldschmidt erkläert awer, datt dat fir d’Stad Lëtzebuerg keng Optioun wier.

“Et ass ganz kritesch, fir déi dote Strooss fir den Individualverkéier zouzemaachen. Dat huet zwar eng Partei gesot: Mir brauchen do keen Auto. Mee ech als Stater kann net deene vum Kierchbierg oder vum Lampertsbierg, déi awer Mol kënnen op den Auto ugewise sinn, zoumudden, fir bis an d'Marie-Thérèse ze fueren, wou ech an der Marie-Thérèse haut schonn zimmlech um Limitt sinn, mat enger Bunn fir an d'Stad eranzekommen.”

Et kéint een dann domat rechnen, datt den Tram nëmmen nach all 6 bis 8 Minutte wäert fueren. Och an de Stousszäiten, esou nach de Patrick Goldschmidt.

Bis elo war et eis net méiglech eng Stellungnam ze kréien, weder vun der aktueller Mobilitéitsministesch Yuriko Backes, nach vum Direkter vu Luxtram. 

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Mobilitéit
Politik