Radioen

On air

Notturno  |  Vampire Weekend - Classical

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ François Benoy: “Ech ka mir virstellen, Parteipresident ze ginn”

déi gréng

François Benoy: “Ech ka mir virstellen, Parteipresident ze ginn”

De François Benoy denkt driwwer no fir am Hierscht fir de Spëtzeposte vun déi gréng ze kandidéieren, esou de Stater Politiker am 100,7-Interview. De François Benoy war d’lescht Joer net an d’Chamber erëmgewielt ginn a betount, hie wéilt elo dozou bäidroen, datt seng Partei erëm zur aler Stäerkt zeréckfënnt.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow
De François Benoy viséiert de Presidenteposte vun déi gréng. (Foto: Jo Diseviscourt)

Am Oktober géif a senger Partei eng nei Parteispëtzt gewielt ginn, esou de François Benoy, an hie kéint sech gutt virstellen, da fir de Poste vum Parteipresident ze kandidéieren.

Ech well wierklech meng Partei weider ënnerstëtzen an hëllefen, datt mir Wierklech erëm op gutt Resultater zeréckkommen. Et mierkt ee jo elo, datt mir eng exzellent Aarbecht maachen an der Chamber. Eis Deputéiert hunn alleguer am leschte Politmonitor e säftege Plus kritt."

Hie wéilt gären hëllefen, datt d'Partei erëm zu aler Stäerkt erëmkomme kann, fir d'Land "an der Majoritéit weiderzeentwéckelen.”

De François Benoy vertrëtt seng Partei am Stater Gemengerot. 

Sträittheema Tram

Déi gréng sinn net domat averstan, datt keng zweet Tramsstreck am Stadzentrum soll gebaut ginn. D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer hat dat gëschter annoncéiert, wéi si den neie Mobilitéitsplang vun der Stad presentéiert huet.

De grénge Gemengeconseiller François Benoy huet kritiséiert, datt dat géif bedeiten, datt den Tram um Kierchbierg an zu Bouneweg an Zukunft nach maximal all 6 Minutte kéint fueren. An déi Kadenz kéint nach weider erofgoen, wann een den Tramsreseau op weider Quartiere well ausbauen, esou de François Benoy.

“Wa mir elo bedenken, datt een nach weider Trammen do wëllt era ginn, da brauch ee mengen ech kee Verkéiersexpert ze si fir ze mierken, datt et do zu engem Fläschenhals kënnt, an déi Taktung nach wäert weider erof goen."

Dat wier schliisslech och de Grond gewiescht, firwat am nationale Mobilitéitsplang virgesi war, fir nach een zweeten Tronçon duerch d’Stad lafen ze loossen, esou de François Benoy. Esou kéint déi Fluiditéit weider garantéieren ginn. An et kéint garantéiert ginn, datt den Tram als een "Héichcapacitéitsverkéiersmettel gutt ka weider funktionéieren.”, esou de François Benoy.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Mobilitéit
Politik