Radioen

On air

Notturno  |  Ideal - Monotonie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Subsidesystem fir Vëloen: ProVelo wëllt am Virfeld consultéiert ginn

Primme fir Elektroautoen, Elektrovëloen a Vëloen

Neie Subsidesystem fir Vëloen: ProVelo wëllt am Virfeld consultéiert ginn

D'Primme fir Elektroautoen, Elektrovëloen a Vëloen am Allgemenge goufe vun der Regierung vun Enn Mäerz op Enn Juni verlängert. Och duerno soll de Subsidesystem bäibehale ginn. D’Initiativ ProVelo weist sech zefridden iwwer dës Annonce, hofft awer an d’Gespréicher fir den neie Subsidesystem mat agebonnen ze ginn. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D'Primme fir Elektroautoen, Elektrovëloen a Vëloen am Allgemenge goufen also vun der Regierung vun Enn Mäerz op Enn Juni verlängert. ProVelo freet dat, kuckt awer och scho méi wäit. Wann een neie Subsidesystem soll ageféiert ginn, soll deen anescht sozial gestaffelt ginn, esou de Minister Serge Wilmes. Wann et bis souwäit ass, wënscht ee sech bei ProVelo, do mat um Dësch ze setzen, seet d‘Presidentin Monique Goldschmit.

ProVelo fuerdert méi héich Subside fir Cargobiken

Zum Beispill wënscht d’Associatioun sech, datt d’Cargobikë vu méi héije Subventioune solle kënne profitéieren. De Cargobike kritt aktuell déi selwecht Subside wéi e Pedelec oder e-Bike.

"Déi kéinten eng Léisung si fir den Transport, esouwuel privat, wéi eben och an der Logistik, beim Transport vu verschiddene Wueren. Zum Beispill an enger Stad oder an enger méi grousser Agglomeratioun."

12.350 Demandë fir Subsiden, ee Mount Waardezäit

Fir d'Associatioun ProVelo ass all Subsid fir déi douce Mobilitéit wichteg.

"All Subsid, deen d’Leit zu enger anerer Mobilitéit bréngt, wéi zum Beispill mam Vëlo op d’Schaff ze fueren, oder mam Zuch oder Vëlo eng Kombinatioun ze maachen."

D’lescht Joer krut d’Ëmweltverwaltung 12.350 Demandë fir ee Subsid fir de Vëlo. Den Ament läit den Delai fir den Traitement vun engem Dossier bei ronn engem Mount, preziséiert d’Ëmweltverwaltung op eis Nofro hin. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Mobilitéit
Politik