Radioen

On air

De Weekend  |  Curtis Mayfield - Move On Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Yuriko Backes: Aarbechtsvisitt an der Belsch

Kooperatioun mam Nopeschland

Yuriko Backes: Aarbechtsvisitt an der Belsch

Déi militäresch Kooperatioun tëscht Lëtzebuerg an der Belsch an d‘Zuch-Verbindungen tëscht béide Länner stinn am Mëttelpunkt vun enger Aarbechtsvisitt haut um Mëttwoch vun der Verdeedegungs- a Mobilitéits-Ministerin Yuriko Backes an der Belsch.

auto_stories

1 min

© European Union
Foto: European Union

Si soll do och d‘Militär-Loftbase vu Melsbroek besichen, wou déi binational Unitéit stationéiert ass fir den A400M Militär-Transportfliger, dee Lëtzebuerg mat der Belsch deelt.

An hirer Funktioun als Mobilitéits-Ministerin soll d‘Yuriko Backes mat hire belsche Kolleegen iwwer d‘Moderniséierung vun der Zuchstreck tëscht Lëtzebuerg a Bréissel diskutéieren, sou ee Communiqué.