Radioen

On air

Notturno  |  Tom Skinner - The Journey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Affär Traversini am Réckbléck

Politesche Wocheréckbléck

D'Affär Traversini am Réckbléck

D'Deeg vum Roberto Traversini als Déifferdenger Buergermeeschter schénge gezielt ze sinn. De gréngen Député-Maire huet fir 11 Auer eng Pressekonferenz aberuff.

auto_stories

4 min

Den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck

An de leschten Deeg huet de Roberto Traversini missen zouginn

Annoncéiert de Roberto Traversini op der Pressekonferenz um 11 Auer seng Demissioun als Buergermeeschter?

Eisen Informatiounen no war dat gëschter de Plang, wéi mir aus gutt informéierte Kreesser gewuer gi sinn. Allerdéngs entscheet hien eleng, wat hien um 11 Auer annoncéiert.

Déi Pressekonferenz um 11 Auer an der Gemeng zu Déifferdeng ass kuerzfristeg aberuff ginn. Dat ass éischter ongewéinlech. Gëschter war de Roberto Traversini eisen Invité vum Dag wou hie sot, datt hie sech virstelle kéint e politescht Mandat ofzeginn. Hie misst seng Gesondheet a seng Famill schounen, a géif dowéinst "geschwënn eng Decisioun" huelen.

Sinn dann an Tëschenzäit nach Elementer dobäi komm, déi den Drock op de Roberto Traversini méi grouss gemaach hunn?

Den ëffentlechen Drock ass do, spéitstens zanter dem Gemengerot e Mëttwoch, an deem hie sech huet missen erklären, an an deem hien zouginn huet, datt e sech bei privaten Immobiliëprojeten e puer mol net un déi rechtlech Situatioun gehalen huet.

En Donneschdeg huet och d'Beschäftegungsinitiative CIGL Stellung geholl. Si hu confirméiert, datt de Roberto Traversini Mataarbechter vum CIGL gefrot huet bei engem privaten Immobiliëprojet e Gelänner ze flécken. Dat war awer net am Objet social, de CIGL hätt dat also net dierfe maachen.

Bis haut gëtt et dofir och keng Rechnung. Déi kënnt awer elo no: de Roberto Traversini ass net nëmme Buergermeeschter vun Déifferdeng, mee eben och President vum CIGL Déifferdeng

Et ass dovunner Rieds gaangen, datt eng weider Immobilie kéint an de Fokus geroden. Ass dat en neit Element, wat nach dobäi komm ass?

Jo. D'Gemengeservicer hu fir de Roberto Traversini wéi et ausgesäit net just eent vu sengen Haiser opgemooss a Pläng dofir gezeechent, mee dat gouf och fir en Haus gemaach dat senger Liewenspartnerin gehéiert.

Seng éischt Reaktioun op eis Fro war gëschter: "Ech muss dat nofroen". Eng zweet Äntwert méi spéit war: "Dat war, well d'Gemeng dat Haus een Ament kafe wollt".

De Roberto Traversini huet jo awer selwer zouginn, datt hie Feeler gemaach huet. Hien huet sech jo awer entschëllegt, wat bei Politiker net ëmmer sou séier de Fall ass.

Richteg, mee mir schwätzen hei vu méigleche Verstéiss géint Gesetzer mat méigleche strofrechtleche Konsequenzen. De Parquet huet éischt Elementer virleien a kéint eng Enquête opmaachen. Mir schwätzen hei vun Abus de pouvoir an Abus de biens sociaux.

Dobäi, iwwregens, muss et net sinn datt um Enn just de Roberto Traversini ënner d'Lupp geholl gëtt, mee och Beamten. Den Nach-Buergermeeschter sot virgëscht, hien hätt e Chef de service an der Gemeng gefrot, ob hien am Service kéint seng Immobilie ausmoossen a Pläng zeechnen. An dunn hätt e Stagiaire vun der Gemeng dat och gemaach.

Et gi jo awer Stëmmen, déi soen, de Roberto Traversini hätt jo awer vill fir Déifferdeng geleescht. Wéi gesäis du dat?

Dat eent schléisst dat anert net aus. Mir hunn an der ëffentlecher Diskussioun - a vläicht och ganz spezifesch an der Lëtzebuerger Kultur - menger Meenung no do e Problem. Et heescht just nach "Like" oder "Dislike", nuancéiert Analyse sinn net ëmmer méiglech.

E Buergermeeschter ka vill Guddes maachen, hie muss sech awer un d'Gesetz halen. Hei muss d'Justiz elo hir Aarbecht maachen, woubäi de Roberto Traversini op méi Punkte scho selwer zouginn huet, sech net un d'Gesetz gehalen ze hunn. E Buergermeeschter, dee selwer decidéiert, ob d'Bierger dëst oder dat diere bauen, muss sech selwer un d'Reegelen halen. Hien dierf op kee Fall Beamten, déi mat Steiergelder bezuelt ginn, fir seng privat Zwecker schaffe loossen. Hien dierf och net eng Beschäftegungsinitiativ fir sech selwer schaffe loossen, déi dat an dësem Fall guer net hätten dierfen.

Dat si keng Kavaléiersdelikter, mee Feeler, déi an der Funktioun vum Buergermeeschter a vum Politiker generell am héchste Mooss schueden. Dat muss kënne gesot ginn, och wann de Politiker op anere Punkte villäicht seng Meritten huet.