Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lionlimb - Hurricane

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Schluss mat deem Gespills"

Meenung

"Schluss mat deem Gespills"

D'Logementspolitik bleift fir dës politesch Rentrée an der Aktualitéit. Nodeems schonn d'Jongdemokrate viru knapp zwee Méint politesch Mesurë gefuerdert hunn, hu rezent och déi jonk Gréng un d'Regierung appelléiert fir ëmzesteieren. Also zwou Organisatiounen, deenen hir Mammeparteie selwer Deel vun der Regierung sinn. Sécher ass, datt déi blo-rout-gréng Koalitioun geschwë liwwere muss, well d'Hausse vun de Präisser um Wunnengsmaart féiert zu eeschte Problemer an Ongerechtegkeeten, mengt de Jean-Claude Franck an enger Chronik

auto_stories

3 min

De radio 100,7 Chefredakter Jean-Claude Franck

D'Erausfuerderunge fir déi blo-rout-gréng Koalitioun si grouss. Zwee Joer virun de Chamberwale muss se politesche Courage weisen, Transparenz un den Dag leeën an donieft och nach Kompromësser fannen a fundamentale Froe wéi der Steierpolitik.

Einfach näischt maachen, oder just e bësse méi Wunnenge vum Fonds du Logement oder der SNHBM baue loossen, wäert jiddefalls net duergoen. D'Hausse vun de Präisser um Wunnengsmaart läit zënter Joren iwwert deene vun de Salairen a vun der Inflatioun. An zënter 2018 explodéiere se. Den offizielle Statistiken no sinn d'Präisser vun Haiser an Appartementer vun 2019 op 2020 ëm 16,7 Prozent geklommen. En deiert Haus, wat Enn 2019 eng Millioun Euro wäert war, war nëmmen 12 Méint drop 167.000 Euro méi wäert. Hätt een déi selwecht Millioun um Spuerbuch gehat, wier een no engem Joer frou gewiescht iwwerhaapt e puer Euro Zënsen ze kréien.

Wann d'Salairen iwwer Joren em e puer Prozent klammen, d'Wunnengspräisser awer monter am zweestellege Beräich u Wäert gewannen, ass kloer, datt d'Rechnung iergendwann net méi opgeet. Déi selwecht Politik, déi elo vläicht kee Courage huet fir onbeléifte Steiermesuren z'ergräifen, riskéiert dann en elektorale Problem ze kréie well d'Wieler zu Recht frustréiert sinn, datt d'Politik nogekuckt huet wéi Immobilienhändler, Promoteuren a Proprietäre joerzéngtelaang gutt verdéngt hunn, op Käschte vun deenen, déi just en Appartement oder en Haus brauche fir selwer en Dag iwwert dem Kapp ze hunn.

Wéineg strukturell Adaptatiounen

Also muss elo Schluss si mat deem Gespills, wat d'CSV-LSAP-Regierungen an dono d'Dräierkoalitioun opgefouert hunn. Eleng d'Dräierkoalitioun hat schonn zweemol an hirem Regierungsprogramm eng Reform vun der Grondsteier stoen, a rezent hunn d'Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) an de Vize-Premier Dan Kersch (LSAP) probéiert den Äifer weider ze bremsen andeems si gemengt hunn, esou eng Reform géif "d'Logementsproblematik net léisen" oder déi "politesch Diskussioun iwwer d'Steiersätz misst iwwerhaapt mol nach gefouert ginn". Nodeems 2015 schonn Aarbechtsgruppen ugefaangen hunn hannert zouenen Dieren un enger Reform ze schaffen. Schappeg.

Eng Reform vun der Grondsteier, um Bauland also, ass sécher keng Allzweckwaff fir d'Hausse vun de Präisser ze verhënneren. Mee et ass e gutt Beispill, dat illustréiert, wéi schwéier d'Regierunge sech domat dinn, d'Entwécklungen um Wunnengsmaart aktiv ze steieren. Et gëtt just e bësse gejéimert, mee strukturell Adaptatioune ginn et wéineg.

D'Regierung hätt bis déi nächst Walen nach genuch Zäit

Offer an Demande mussen iwwertenee stëmmen, dat heescht wann d'Populatioun weider wiisst mussen och genuch Wunnengen do sinn. D'Autorisatiounsprozedure musse séier sinn, d'Terrainen a Wunnengen, déi eidel sti mussen dofir séier op de Marché, a Plus-valuë musse gerecht besteiert ginn. Mat zousätzleche Recettë kann ee weider lenken. Mee wéi vill huet dat Land hei schonn iwwert de Spëtzesteiersaz op Salairen diskutéiert, an dobäi komplett ignoréiert, datt et ganz aner Beräicher gëtt, wou et vill méi massiv Gewënner gëtt, mat vill méi nidderege Steiersätz?

Fir alles dat musse lo Virschléi op den Dësch, an an aller Transparenz diskutéiert ginn. Bis zu de Chamberwale vun 2023 huet d'Regierung eigentlech nach vill Zäit fir ze weisen, datt si sech hirer Responsabilitéit bewosst ass.