#ChamberLeak Wéi d'Fraktiounen d'Pressecouverture gesinn

Duerch d'Sécherheetslacunen op chamber.lu steet d'Parlament zënter de Mëttwoch den Owend am Mëttelpunkt. Aus engem interne Rapport, dee mir consultéiere konnten, geet ervir, datt d'Fraktioune sech virun aacht Méint nach beschwéiert hunn, datt d'Press net genuch iwwer d'Chamber schwätzen a schreiwe géif.

Jean-Claude Franck / cz

Chamber
Chamber (Foto: Archiv)

D'Press géif d'Diskussiounen an der Chamberplenière ëmmer manner couvréieren. Dat war de Constat de 6. Juli zejoert an enger Presidentekonferenz. Dem Procès-Verbal no sot den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry, dat géif hie besonnesch nerven, well d'Press eng staatlech Pressehëllef kréich. Den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler gëtt am Rapport mat der Ausso zitéiert, datt hien an där Diskussioun keen Interêt géif gesinn, well d'Chamber misst d'Pressefräiheet respektéieren. De Chamberpresident Mars Di Bartolomeo huet dem Procès-Verbal no geäntwert, et kéint een d'Press awer drun erënneren, datt den demokrateschen Decisiounsprozess derwäert wier méi am Detail traitéiert ze ginn.

"D'Qualitéit vun der parlamentarescher Debatt verbesseren"

Wisou d'Medie manner iwwer d'Chambersessioune schwätzen a schreiwe géifen, doriwwer sinn d'Meenungen ausernee gaangen. Een Thema: D'Qualitéit vun der parlamentarescher Debatt. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser war der Meenung, datt wann d'Parlament sech géif méi eescht huelen, datt dann och d'Press d'Parlament géif méi eescht huelen, heescht et am Rapport. De Parlamentarismus méi eescht huelen, huet fir den ADR-Vertrieder geheescht, d'Riedezäite vergréisseren. Eng Meenung, déi de Chamberpresident net gedeelt huet. D'Qualitéit vun der Debatt hätt näischt mat der Längt ze dinn.

Déi Diskussioun ass op anerer Plaz iwwerdeems viru gaangen: An enger separater Reunioun huet d'Chamber dem interne Procès-Verbal no festgehalen, datt d'Rapporter sech an hire Rieden iwwert e Gesetzesprojet sollten an hire Rieden op déi politesch Elementer konzentréieren, amplaz vill Fakten opzezielen, déi souwisou scho bekannt sinn. An deem Kontext hat den CSV-Deputéierte Michel Wolter rezent hei op der Antenn kritiséiert, an der Chamber géif et kee politeschen Debat méi ginn. Dowéinst hätt hien d'Loscht un der Chamber e bësse verluer.

D'Rapporten, déi mir consultéiere konnten, well se während enger gewësser Zäit ëffentlech zougänglech waren, weisen, datt d'Chamber sech och schonn intern mat deenen Theme befaasst huet. Äntwerten, déi de parlamentaresche Prozess déifgräifend veränneren, goufen den interne Rapporten no awer bis elo net fonnt.


Bäitrag vum Jean-Claude Franck am Panorama vun 12 Auer:

Lauschteren


Méi zum Thema

Chamber
#ChamberLeak

Den Internetsite vun der Chamber war méi wéi 30 Stonnen offline. Grond dofir ware Recherchë vum radio 100,7. Et wier keng Intrusioun gemaacht ginn, seet den 100,7-Chefredakter. D'Informatioune wieren ëffentlech iwwer de Chambersite accessibel gewiescht.

Tine Larsen.JPG
#chamberleak

D'Sécherheetslacune um Internetsite vun der Chamber beschäftegt elo och déi national Dateschutzkommissioun, seet d'Presidentin. Et misst een ofwaarden, ob d'Dateschutzkommissioun eng Enquête opmécht.

Chamber
#Chamberleak

D'Presidente vun de Chamberfraktioune si besuergt nom Opdecke vun der Sécherheetslacune um Internetsite. Wat genee geschitt ass, schéngt nach net kloer. Et wéilt een Analysen ofwaarden, heescht et.

Chamberleaks3. Exklusiv
#ChamberLeak

Um Internetsite vun der Chamber ware bis e Mëttwoch den Owend eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Dat weise Recherchë vum radio 100,7.

Chamber
National Politik

Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry bedauert, grad wéi de Michel Wolter vun der CSV, datt et an der Chamber un engem politeschen Debat feelt. D'Chamber misst sech méi Mëttel ginn, fir hirer Roll gerecht ze ginn.

Michel Wolter an der Chambe3r
Chamberwahlen 2018

De Michel Wolter ass iwwerzeegt, datt déi blo-rout-gréng Koalitioun no de Wahle vum 14. Oktober virufiert, wann et arithmetesch méiglech ass. Souguer mat 31 Sëtz. Do wier hie "ganz sécher", seet den CSV-Politiker.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen