Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Yuriko Backes nei Maréchale de la Cour

Cour Grand-ducale

Yuriko Backes nei Maréchale de la Cour

D'Yuriko Backes gëtt den 1. Juni nei Maréchale de la Cour: dat huet de groussherzogleche Palais de Moie matgedeelt. D'Yuriko Backes gëtt Nofollgerin vum Lucien Weiler, deen no gutt véier Joer als Hofmarschall an d'Pensioun gaangen ass. Si gëtt déi éischt Fra op dësem Posten.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

De Grand-Duc hätt dës Personaldecisioun a Concertatioun mat der Regierung geholl, heescht et am Communiqué. D'Yuriko Backes wier eng Persoun mat enger vaster diplomatescher Erfarung, national an international. Hir perséinlech Qualitéiten an hire beruffleche Parcours géifen aus hir eng "ideal Personalitéit" maachen, fir d'Geschäfter vum Haff ze leeden.

Déi 49 Joer al Yuriko Backes ass zanter dem September 2016 d'Cheffin vun der Vertriedung vun der EU-Kommissioun hei zu Lëtzebuerg.

Do virdru war si ë. a. diplomatesch Beroderin vum Premier Xavier Bettel a vum deemolege Premier Jean-Claude Juncker.

reporter.lu hat den 10. Abrëll gemellt, datt den General Manager um Haff entlooss gi wier. Hannergrond wier eng Plainte géint den David Grieu, esou den Online-Magasinn. Nom Depart vum Lucien Weiler an d'Pensioun hat de Grand-Duc Henri zwee Spezialberoder engagéiert, den André Prum an de Norbert Becker: dat hat d'Lëtzebuerger Wort Mëtt Mäerz gemellt. Si sollen an Zesummenaarbecht mam Staatsministère d'Konture vum Jeannot Waringo senge proposéierte Reformen definéieren.

Monarchie soll adaptéiert ginn

D'Monarchie soll gestäerkt ginn duerch Verbesserungen, méi Transparenz an eng Upassung un dat 21. Joerhonnert, hat de Premier Xavier Bettel am Februar bei der Presentatioun vum Waringo-Rapport gesot. D'Zil wier e "Lëtzebuerger Modell, dee gutt funktionéiert".

Bei de geplangten Ännerunge geet et ëm d'Personalgestioun um Haff, ëm d'Struktur an d'Opdeelung vum Offiziellem a Privatem, grad wéi ëm Froe vum Budget an de Finanzen, hat et viru knapp dräi Méint geheescht. Am geplangten neien Organigramm soll d'Grande-Duchesse op jiddwer Fall bei der administrativer Organisatioun vum Haus keng Plaz méi hunn, esou de Premier. Ugekënnegt gi war, datt de Gros vun de Recommandatiounen aus dem Waringo-Rapport iwwert de grouss-herzoglechen Haff mam Accord vum Grand-Duc sollen ëmgesat ginn.

Et misste Reegele fir den Haff opgestallt ginn, a sech doru gehale ginn, hat de Premier och de 6. Februar am 100,7-Interview däitlech gemaach. Hie géif dovun ausgoen, datt de Moderniséierungsprozess um Haff mam Grand-Duc géif duerchgezunn op een Enn géif bruecht ginn.