Radioen

On air

Espresso Beats  |  Twen - SeaStar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A Real Vermeer - eng bal wouer Geschicht

Kino

A Real Vermeer - eng bal wouer Geschicht

Am Ciné Utopia leeft zënter kuerzem "A Real Vermeer". Wéi den Titel et schonn undeit, handelt de Film vun engem Moler. En ass d'Wierk vum hollännesche Cineast Rudolf van den Berg an eng Co-Produktioun vun Tarantula Lëtzebuerg.

auto_stories

3 min

© Tarantula & Rinkel Film

"A Real Vermeer", oder, am Original, "En Echte Vermeer", handelt vun engem hollännesche Moler, dem Han van Meegeren, deen an den 1920er Jore mat sengem ganz akademesche Stil nawell Succès huet. Wéi hien allerdéngs ufänkt, mat där verféierescher Fra vum wichtegste Konschtkritiker ze flirten, mécht deen en aus Jalousie fäerdeg. Aus Roserei, a fir säi Rival virun der ganzer hollännescher Konschtzeen virzeféieren, denkt de Moler sech eng diabolesch Kombinn aus.

Hie setzt alles drun, fir dem Expert ee soi-disant echte Vermeer ënnerzejubelen. Een Tableau, deen hie selwer gefälscht huet. D'Iddi ass, fir am entscheedenden Ament d'Arnaque opfléien ze loossen, an dee soi-disant Expert viru versammelter Mannschaft ze blaméieren. Allerdéngs funkt dem Moler d'Léift dertëscht. Datt Holland an der Tëschenzäit vun den Nazien occupéiert ass, déi och nawell op echt Vermeeren aussinn, bréngt zousätzlech Komplikatiounen.

Wéi steet et ëm d'Wourecht?

Ier de Film lassgeet, gëtt de Spectateur informéiert, datt dëst eng bal wouer Geschicht ass. "Et ass keen Detail, dat ass ganz wichteg", seet de Rudolf van den Berg. Wéi si de Projet ugefaangen hunn, hätte si sech Froen iwwer d'Biografie vum Mann gestallt. "Ech hu mir gesot, wann dat mech net wierklech géif interesséieren, wier et och net interessant fir de Public." Relativ fréi hätt een decidéiert, kee Biopic ze realiséieren, mee sech op déi spannend Aspekter aus sengem Liewen ze konzentréieren, an eng Fiktioun ze schreiwen.

Sou erzielt de Film och eng grouss Liebesgeschicht. "A sengem Liewe gouf et eng grouss Léift. Mee wann ech déi Wuert fir Wuert suivéieren, ass et net dramatesch an interessant genuch." Dofir hätt ee sech op d'Intrige konzentréiert.

De Protagonist muss decidéieren, wat him um Enn méi wäert ass: d'Konscht, oder d'Léift. Eppes dovu muss hien herno verroden. An domat och sech selwer.

"En echte Vermeer" fänkt an den 20er Joren un, an dauert bis nom Zweete Weltkrich. Mat villen Detailer evoquéiert en dës ganz Epoch. Allerdéngs ni mat der Intentioun vun enger naturgetreier Reconstructioun. "Ech sinn éischter Expressionist, wéi Realist", seet de Rudolf van den Berg.

Zum Deel zu Lëtzebuerg entstanen

D'Tarantula Co-Produktion "En Echte Vermeer" ass a groussen Deeler zu Lëtzebuerg gedréint ginn. Woubäi et drëm goung, déi Plazen op deenen den Han van Meegren sech erëmgedriwwen huet, méiglechst echt eriwwerzebréngen. Am Ufank wier hie skeptesch gewiescht, awer hien hätt sech iwwerzeege gelooss, sou de Rudolf van den Berg.

Hie war zefridde mat där ganz flexibeler Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerg. Besonnesch begeeschtert war en iwwert d'Collaboratioun mam André Dziezuk, fir d'Musek am Film. "Ech hat nach ëmmer am Kapp, datt een ee Film vu fréier méi accessibel kéint maachen duerch eng Musek, déi net vu fréier ass." De Komponist wier frou, iwwer déi Approche gewiescht.

De Personnage vum van Meegeren gëtt interpretéiert vum Jeroen Spitzenberger, deen an Holland e grousse Star ass. Seng Partnerin um Ecran, a Love Interest am Film, ass par konter eng bis elo komplett onbekannt belsch Actrice. D'Lize Feryn, eng Decouverte.