Buch-Tipp fir de Summer Allain Glykos - Gilets de sauvetage

Den Auteur Allain Glykos koum 1948 zu Bordeaux op d'Welt. De Papp war - wéi de Familljennumm et suggeréiert - en immigréierte Griich, d'Mamm eng Bauerenduechter aus der Charente. Hire Fils huet déi franséisch Nationalitéit, ass Unisproff an huet parallel dozou bis haut gutt 20 Bicher erausbruecht. Bei deem leschten, "Gilets de sauvetage", handelt et sech ëm eng Grafic Novel, eng Zesummenaarbecht mam 40 Joer méi jonke franséische BD-Zeechner Antonin.

Kerstin Thalau / cbi

Gilets de sauvetage
Gilets de sauvetage ass dem Kerstin Thalau säi Buch-Tipp fir de Summer. Foto: Max Dalheim.

Zynismus ass d'Schwammwest vum Verstand, heescht et. Eventuell erkläert dat, firwat den Allain Glykos den Ufank vu senger Rees op déi griichesch Insel Chios mat enger gudder Portioun Sarkasmus beschreift: Op sengen zwee Vollen erkläre Stewardesse virum Decollage de Fonctionnement vun de Schwammwesten. "Personne ne regarde, personne n'écoute", sou dem Auteur seng Observatioun. 2015 sinn a Griicheland all Mount e puer Dausend Flüchtlingen u Land gaangen. An hiert Liewen houng tatsächlech net um spréchwiertleche Fuedem aus Seid, mee un der Kordel vum Gilet de sauvetage. Dowéinst den Titel.

Den Allain Glykos wëllt sech awer guer net iwwer déi lëschteg Touristen op sengem Vol stellen. Hien a seng Fra hunn zesumme 700 Euro fir den Aller-retour-Billjee bezuelt an hunn déi 3.500 km an engem hallwen Dag relax gepackt. "Nous étions heureux de partir", gëtt hien zou, an zwar net zynesch. Zynismus kënnt iwwregens vum griicheschen Terme "Hond", mee éischter resignéiert.

Eng psychologesch Belaaschtung

No e puer faarwege Säiten "Gilets de sauvetage" ass kloer, datt mir an der Suite net e Fransous - mat griicheschen Originnen - a Griichenland dobäi erliewen, wéi hien de Griichen hir Ekonomie, an de Refugiéen hiert Liewe rett, Grafic Novel reimt net onbedéngt op Superherofilm. Den Allain Glykos reest mat méi Bagage wéi just 20 Kilo. Säin eegene Papp, deen 2015 100. Gebuertsdag gefeiert hätt, war mat siwe Joer gezwongen, vu Smyrne ze flüchten, wat virun 1922 griichesch awer duerno tierkesch war.

No senger Odyssee ass hie spéider a Frankräich ausgewandert, op der Sich no engem bessere Liewen. Esou en Ierwen ass fir déi zweet Generatioun nawell och eng zimlech psychologesch Belaaschtung. Wat dem Allain Glykos seng Fra am Buch natierlech net komplett novollzéie kann. Mee och d'Griichen op Chios, virop d'Hotel-Proprietäre Maria an Niko, doriwwer eraus déi eeler Leit, déi quasi verloossen an alen Dierfer sëtzen, hu kee Versteesdemech dofir, datt den Allain a seng Fra, esoubal d'Sonn ënnergeet, op hirer Hotelsterrass a Richtung Mier stuerken, un d'Côte lafen, wa Booter opdauchen a mathëllefen, datt d'Flüchtlinge sécher um Festland ukommen.

"Les îles les plus à l'est leur offrent quelques heures de répit dans leur longue marche. Chaque île est un point de fuite pour qui, chez lui, n'a plus de perspectives. Installés dans la torpeur de l'été, que ferons-nous pour eux ?"

Déi ënnerschiddlechst stilistesch Mëttel

Fir "Gilets de sauvetage" huet net just den Auteur Allain Glykos zu den ënnerschiddlechste stilistesche Mëttele gegraff. Och den Illustrator Antonin Dubuisson zitt eng Hellewull BD-Registeren. D'Spill mat der Typografie, der Perspektiv; historesch Faite sinn anescht gezeechent, wéi perséinlech Erliefnesser a Gedanken.

Wat verbënnt dann elo déi zwee Männer, déi fir d'éischt emol en Altersënnerscheed vu 40 Joer trennt? Den Antonin hat vu senger Groussmamm e Carnet de voyage vum Urgrousspapp geierft. Doranner huet dee säi bizaren Alldag als franséischen Occupant an der Tierkei kuerz nom Éischte Weltkrich, deen hien als Poilu matgemaach hat, festgehalen. Den Illustrator wousst, datt hien onbedéngt eppes mam Carnet maache wéilt, huet awer no enger Persoun gesicht, déi sech mat der Geschicht vun der Zäit auskenne géif. Bekannten hunn him den Allain Glykos uginn. "Gilets de sauvetage" ass hir zweet erfollegräich Kollaboratioun. Mol gespaant, wéi an ob et weidergeet, respektiv - fléisst.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Salman Rushdie
Buch-Tipp fir de Summer

"The Golden House" erzielt eng Geschicht iwwer Amerika haut. Iwwer déi Figuren, déi regéieren an iwwer de mentalen Zoustand vum Land. Et ass eng Zort Schlësselroman, gewierzt mat typeschem Rushdie-Witz an Zynismus.

Just Kids - Patti Smith.jpg
Buch-Tipp fir de Summer

"Just Kids" beschreift d'Frëndschaft tëschent der Rocklegend Patti Smith an dem Fotograf Robert Mapplethorpe a vermëttelt d'Liewensgefill zu New York an de 60er a 70er Joren.

Philippe Paquet - Simon Leys
Buch-Tipp fir de Summer

Virun zwee Joer huet de Journalist Philippe Paquet eng wonnerbar Biographie vum Simon Leys verëffentlecht. Et ass de Portrait vun engem revoltéierten Eenzelgänger. Ee Buch-Tipp vum Michel Delage.

Annie Ernaux - Mémoire de fille
Buchtipp fir de Summer

Déi franséisch Schrëftstellerin Annie Ernaux huet mat iwwer 70 eng autobiographesch Erzielung iwwer de Summer 1958 geschriwwen. A "Memoire de fille" geet si op d'Sich no de Gefiller a Gedanken, déi si ëmgedriwwen hunn.

Zbigniew Mentzel - Alle Sprachen dieser Welt
Buchtipp

Kommunikatioun ass alles. An dësem Roman glänzt se awer virun allem duerch d'Absence. "Alle Sprachen dieser Welt" vum polneschen Auteur Zbigniew Mentzel ass dem Valerija Berdi säi Buchtipp fir de Summer.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen