Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Katie Von Schleicher - Every Step Is An Ocean

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Schiet vun de Grousspappen

David Sala - Le Poids des héros

Am Schiet vun de Grousspappen

Bekannt gouf den David Sala mat senge Krimi-, Fantasy- a Science-Fiction-BDen, éier hie sech mat enger Adaptatioun vum Stefan Zweig senger "Schachnovelle" un e Literaturklassiker gewot huet. Och dat neit Wierk vum franséischen Zeechner, "Le Poids des héros", dat bei Casterman erauskoum, geet an eng éischter literaresch Richtung. Et ass e Familljeportrait, an zwar vum David Sala senger eegener Famill. Et ass also eng autobiographesch BD, déi zum gréissten Deel an de spéider Siwwenzeger- a fréien Achtzegerjore spillt, am Auteur senger Kandheet a Jugend.

auto_stories

5 min

"Le Poids des héros" ass bei Casterman erauskomm.

Den David Sala beschreift d'Opwuessen a senger Famill, déi souwuel op der Säit vum Papp, wéi op där vun der Mamm spuenesch Wuerzelen huet. Allen zwee Grousspappe sinn Enn vun de 1930er virum Franco geflücht an hunn de Kampf géint de Faschismus a Frankräich weidergeféiert.

Deen een, de Papp vun der Mamm, ass relativ séier als politesche Prisonéier an d'KZ Mauthausen komm, dat en iwwerlieft huet, wärend den aneren, also de Papp vum Papp, de ganze Krich duerch an der Résistance aktiv war.

Eng Welt vu Geschichten

Déi zwee Schicksaler markéieren déi ganz Famill. Et ass, wéi den Titel et schonn undeit, d'Gewiicht vun dësen Helden an hire Liewen, dat déi vun de anere Familljemembere bestëmmt.

Wann et ëm de jéngsten, also den David geet, probéiert de Comic, d'Perspektiv vum Kand anzehuelen, fir dat déi zwee Grousspappen iwwerliewensgrouss Figure sinn, an dat matkritt, datt si aussergewéinlech Saachen duergemaach hunn, mee dat alles natierlech net wierklech versteet.

De Protagonist wiisst an der BD an enger Welt vu Geschichten op, déi sech an der Famill erzielt ginn.

De Papp vun der Mamm stierft, wéi den David dräi bis véier Joer huet, hei geet et méi ëm d'Geschichten, déi d'Mamm oder anerer weidererzielen, zum Beispill, wéi de Grousspapp huet misse vum engen Dag op den anere fléien, well en als Kämpfer fir d'spuenesch Republik verrode gi war.

Den anere Grousspapp begleet den David duerch seng ganz Kandheet an erzielt och dacks selwer. Et gëtt vill Familljeniessen, Treffe mat ale Frënn oder och eng Gedenkfeier am Buch, wou d'Geschichte vun deemools ausgepaakt ginn.

Donieft spillt awer och e Bild eng wichteg Roll, e Portrait vum enge Grousspapp, dat heemlech am KZ gemoolt gouf, an dat bei de Salaen an der Stuff hänkt. Och d'Bild konfrontéiert den David och ëmmer erëm mat der Vergaangenheet, där hir Hannergrënn hien natierlech och an dësem Fall net ganz duerchbléckt.

D'Vergaangenheet vun der Famill ass am Mëttelpunkt

Niewent dësen Zeene gëtt et awer och vill Passage wou typesch, banal Erliefnisser vun enger onbeschwéierter Kandheet an der Nokrichszäit gewise ginn.

Do fiert den David mat senge Kolleege mam Vëlo bei en eidelt Haus, an deem et, wéi si mengen, geeschtert. Oder en hëlt mat sengem Brudder doheem mam Kassetterekorder Lidder aus dem Radio op.

D'Zeenen, an deenen d'Vergaangenheet vun der Famill am Mëttelpunkt steet, an déi, wou et ëm gewéinlech Kandheetserënnerunge geet, ginn an der BD ouni Kommentar niewentenee gestallt.

Als Lieser spréngt engem d'Diskrepanz natierlech direkt an d'A. Mee och hei invitéiert eis den David Sala, de Bléckwénkel vum Kand z'adoptéieren, dat d'Onverhältnisméissegkeet vu deenen Erliefnisser net bemierkt, dat d'Saachen net esou a Relatioun setzt wéi en Erwuessenen a ganz eege Prioritéiten huet.

Wann um Schoulhaff vun engem alen Horrorfilm erzielt gëtt, den an 3-D um Fernsee leeft, dann ass et fir en Néngjärege vläicht grad dat Wichtegst op der Welt, nach iergendwou un en 3-D-Brëll ze kommen, fir de Film kënnen ze kucken.

De Molstil: vill Plaz fir d'Biller

Vum Stil hier ass Le Poids des héros ass eng BD, déi éischter gemoolt wéi gezeechent ass. Et erkennt een zwar Bläistëftëmresser, mee et dominéiert e Molstil, deen sech um Expressionismus orientéiert.

Et ass e ganz faarwege Comic, deen de Biller vill Plaz léist. Heiansdo sinn der just eng bis zwou op enger Säit, esou dass ee praktesch dozou forcéiert gëtt, sech méi genau mat hinnen auserneenzesetzen.

Och beim Stil gesäit een dee Kontrast tëschent der Welt vun der Kandheet an der Welt vun der Familljegeschicht. D'Zeenen an der Géigewaart vum Buch si méi realistesch, méi detailléiert duergestallt. Den David Sala huet eng besonnesch Freed drun, d'Tapissereien, d'Miwwelen, d'Kleeder, am Fong de ganze charakteristeschen, confortabelen Dekor vun de 70er an 80er ze weisen.

Ee visuell beandrockende Comic

D'Geschichte vun de Grousspappen dogéint, eng Episod aus Mauthausen oder eng aus enger Stopp vun der Résistance am Bësch, zum Beispill, si méi abstrakt, méi däischter gezeechent, an och méi expressiv vun de Formen an de Faarwen hier.

Hei ginn d'Figuren och mol verzerrt an e grellt Magenta gëtt benotzt, fir d'Brutalitéit vun där Zäit ze ënnersträichen. Donieft widderhëlt den David Sala och nach e Blummemotiv, fir de Géigesaz tëscht där geschützter Kannerwelt an der traumatescher Familljegeschicht, déi an déi Kannerwelt erabrécht, symbolesch duerzestellen.

Zum Schluss verléiert d'BD e wéineg de Fokus, well do dem David Sala seng eege Karriär als Zeechner eng gréisser Roll spillt, wat éischter eng Oflenkung ass.

Am Allgemengen ass et awer e Comic, deen ee jiddwerengem empfeele kann. En ass visuell enorm beandrockend an, wat d'Erzielung ubelaangt, geet e ganz sensibel a ganz nuancéiert fir, fir eis d'speziell Atmosphär an där Famill an d'Relatioun vum Kand zu de Grousspappe méi no ze bréngen.