Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Gwilym Gold - Blue Garden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Analys vu Kuerzgeschichte vum Fernand Karier

Lëtzebuerger Schrëftsteller

Analys vu Kuerzgeschichte vum Fernand Karier

An der leschter Editioun vun der Kulturzäitschrëft "Galerie", déi ënnert der Direktioun vum Cornel Meder vum Déifferdenger Centre Culturel publizéiert ginn ass, sinn erëm literaresch Kreatiounen, Chroniken an Etüden ze liesen. Vun de lescht genannten fält eng ganz besonnesch an d'A: D'Recherche iwwer de Lëtzebuerger Schrëftsteller Fernand Karier. D'Valerija Berdi huet mat der wëssenschaftlecher Mataarbechterin vum CNL iwwert hier Aarbecht geschwat.

auto_stories

3 min

D'Sandra Schmit, wëssenschaftlech Mataarbechterin am Mierscher Literaturarchiv, huet an der Kulturzäitschrëft "Galerie" eng Aarbecht iwwert e Lëtzebuerger Schrëftsteller geschriwwen, deen dem grousse Publik haut net weider bekannt ass. Riets ass vum Fernand Karier, deen am Oktober 1967 bei engem Autosaccident säi Liewe verluer huet.

An hirem Text weist Sandra Schmit, datt den Doud vum jonken Auteur vu senge deemolege Schrëftstellerkollege mat groussem Bedaueren opgeholl ginn ass. Virun allem vum Roger Manderscheid.

Nieft der Biographie, geet d'Sandra Schmit op d'Publikatioune vum Fernand Karier an. Si erkläert seng literaresch a philosophesch Schrëften. Mä och dem Karier seng net publizéiert a fréi Manuskripter wieren der Fuerscherin no interessant, och wa se, wat d'Unzuel betrëfft, zimlech bescheide sinn. D'Sandra Schmit schreift iwwer Romanfragmenter an analyséiert de Stil vum Schrëftsteller a jonke Joren.

Kuerzgeschichte "Juden" an "Anfang"

1965 sinn zwou Kuerzgeschichte vum Fernand Karier mam Titel "Juden" an "Anfang" publizéiert ginn, seet d'Sandra Schmit. Déi zwou Geschichte bauen openeen op. Si spillen an der Mëtt a just nom Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg. D'Erliefnesser ginn op eng relativ naiv Manéier, aus der Vue vun engem klenge Jong erzielt. Hie bewäert d'Zoustänn vun der deemoleger Zäit net, mä hien analyséiert d'Verhale vun de Leit. Dobäi bréngt hien och e gewëssent Verständnis op.

De Fernand Karier huet literaresch am Ëmfeld vum Cornel Meder gewierkt. An et ass och de Cornel Meder, deen dës zwou Kuerzgeschichten 2008 am Dossier "Fernand Karier" an der Galerie publizéiert huet.

Evolutioun vum Schrëftsteller

Et wier dem Fernand Karier seng Virléift fir de Wuertklang a fir de Rhythmus, dee seng Schrëftstellerkollege bei him appreciéiert hunn. Seng Ufäng hat de Fernand Karier dem Sandra Schmit no nach als Student. Beim Opschaffe vum Auteur sengem Wierk, hätt si e Fragment vun engem Manuskript fonnt, wou hie sech mam Schreifstil ausernee setzt. D'zentral Frostellung ass, wat Literatur eigentlech ass, wat Literatur aussoe soll, a wéi eng Roll de Stil an den Inhalt spillen? D'Evolutioun vum Schrëftsteller wier dobäi den intressante Volet.

Nodeems eng éischt Këscht mat Wierker vum Schrëftsteller analyséiert goufen, hätt d'Sandra Schmit Kontakt mam Steve Karier, dem Fils vum Schrëftsteller, opgeholl.

"An hie konnt eis effektiv nach eng Rei Saache ginn, déi mir virdrun nach net haten. Doduerch ass eise Fong vill méi grouss an de Schrëftsteller Fernand Karier ass doduerch och vill méi lieweg fir mech ginn." Si hätt am Grupp och mëttlerweil nach Gedichter fonnt, vun deenen ee momentan nach net ouni Zweiwel kéint soen, ob se dem Fernand Karier selwer kënne zougeschriwwe ginn, oder net.